No 6. Plaz zu OsloPatrizia van der Weken "ka besser Zäite lafen"

Tom Flammang
D'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer ass no hirer 6. Plaz an der Diamond League zu Oslo am RTL-Interview zwar kritesch mat sech selwer, gesäit awer trotzdeem och positiv Signaler.
Patrizia van der Weken "ka besser Zäite lafen"
D'Lëtzebuergerin ass no hirer 6. Plaz an der Diamond League zu Oslo am RTL-Interview kritesch mat sech selwer a gesäit trotzdeem awer och positiv Signaler.

Mat enger Zäit vun 11'10'' ass d'Patrizia van der Weken e Mëttwoch an der 100 Meter Finall vum Diamond League Meeting zu Oslo déi Sechst ginn. No der Course huet d'Sportlerin vum Joer sech am RTL-Interview selbstkritesch gewisen a gemengt, et wier eng schwiereg Course gewiescht. No engem gudden Depart hätt si ugefaangen z'iwwerleeën, an dat wier dacks fatal. Gemooss un hirer aktueller Form wier d'Performance awer ganz an der Rei gewiescht.

Owescoursse wiere generell schwiereg an net hir Liiblingssaach, sou d'Patrizia van der Weken, déi am killen Norden och mat klenge kierperleche Problemer ze kämpfen hat. Si seet, si wéisst, dass si besser Zäite lafe kann an hofft, dass kierperlech alles an der Rei ass. Dowéinst wier et elo wichteg, d'Course zesumme mat hirem Trainer Arnaud Starck genee z'analiséieren, deen zu Oslo net mat dobäi war.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO