Nodeems d’Lëtzebuerger e Samschdeg schonn hir zwee Simpele géint d’Ukrain gewonnen haten, war et um Sonnde Virmëtteg den Dubbel. Den Alex Knaff an de Chris Rodesch konnten sech no 96 Minutte mat 6:4 a 6:2 géint de Vladyslav Orlov an den Oleksandr Ovcharenko duerchsetzen. Am éischte Saz war de Lëtzebuerger beim Stand vu 4:2 e Break gelongen, wat d’Virentscheedung fir de Sazgewënn war. Dat huet den Ukrainer de Wand aus de Seegele geholl.
Am zweete Saz hunn d’Ukrainer ëmmer méi gemeckert a ware mat Decisioune vum Arbitter onzefridden. D’Lëtzebuerger hu sech dovun net aus dem Konzept brénge gelooss an och dëse Saz souverän gewonnen. Domat hat d’FLT-Selektioun den Duell schonn nom Dubbel decidéiert.
De Simpel vum Raphael Calzi géint den Ovcharenko, deen eigentlech just nach fir d’Statistik war, goung duerno mat zweemol 4:6 un d’Ukrain.