
Zanter e Freideg a bis d'nächst Woch e Mëttwoch ginn zu Langenfeld an Däitschland d’Weltmeeschteren am Sportkeelen gesicht. D’Lëtzebuerger Delegatioun konnt sech op Basis vum staarke Kader bei den Hären e puer Chancen ausrechnen, fir eng Medail mat Heem ze bréngen. Direkt um éischten Dag sollt d'FLQ-Formatioun, no 1987 an 1999, nees Weltmeeschter par équipe ginn.
7 Länner waren an dëser Finall vertrueden. Däitschland, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg goufen am Virfeld awer als déi grouss Favoritte gehandelt, déi ëm de Weltmeeschtertitel spille géifen. D’Potenzial bei de Roude Léiwe war op alle Fall do, fir direkt um éischten Dag vun der Weltmeeschterschaft e grousst Zeechen ze setzen. De Christopher Zels, deen d’Finall fir Lëtzebuerg ugefaangen huet, konnt mat 597 Holz iwwerzeegen. Virun allem op senger leschter Bunn huet hie mat 9 Néngter um Stéck nach emol opgedréint an domat de Réckstand op Däitschland reduzéiert. Nom éischten Tour louch Lëtzebuerg mat 48 Keelen hannert Däitschland. Als zweete gouf de Chris Fuchs op d’Bunn geschéckt. D’Uspanung war him an der Ufanksphas vun dëser Finall unzemierken, mee wéi den Aarm bis waarm war, ass et besser gelaf. De Réckstand war net nëmme geschmolt, mee nom Optrëtt vum Fuchs louch Lëtzebuerg mat 8 Keele vir. Spectateuren, déi de Wee op Langenfeld fonnt haten, sollten eng immens spannend Finall erliewen. De Christian Junk huet mat all senger Erfarung keng Dier opgemaach an dem leschte Lëtzebuerger Spiller eng Avance vun 8 Keele mat op d’Bunn ginn. Déi sollten nach emol wichteg ginn, well Däitschland mam Valentin Olbricht e Spiller opgestallt hat, deen an der Vergaangenheet schonn dacks Matcher nach zu hire Gonschte gedréint huet. Den Däitsche Spiller huet sech mam Lëtzebuerger Gilles Mores e serréiert Duell geliwwert. No 320 Wërf waren déi zwou Natiounen um Enn keelegläich, esou dass misst nogerechent ginn, bis op eemol feststoung, dass de Weltmeeschtertitel op Lëtzebuerg geet.
Den Nationaltrainer Uwe Jakoby: “Dat hei ass einfach mega. Ech hu jo guer keng Stëmm méi wéinst dem ville Jäizen a vum Ufeieren. Et ass krass, absolutt krass. Et ass scho laang hier, dass mir de leschten Titel par équipe gewonnen hunn... An dann nach Keele gläich, méi Spannung kanns du net hunn.”
De Christian Junk, dee säin 12. Weltmeeschtertitel feiere kann: “Mir freeën eis immens. Mir hunn dat gepackt, wat mer wollten. Mir wollten et virum leschte Block spannend maachen. Dat hu mer gemaach. De Gilles huet dat bis bei d'lescht Klatz duerchgezunn. Du ware mer gläich. Mir hu méi geraumt. Mir hunn eis dru ginn a mir freeën eis immens.”
Fir de Gilles Mores ass et den drëtte Weltmeeschtertitel: “Ech wosst guer näischt. Ech wosst net ob ech mech freeë soll oder e bëssen traureg soll sinn, well et awer net duergaangen ass. Schlussendlech ass et elo duergaangen. Elo ass et onbeschreiflech. Ech hu keng Wierder.”
No 1987 an 1999 geet de Weltmeeschtertitel par équipe nees op Lëtzebuerg an et kéint gutt sinn, dass dat net déi eenzeg Medail bleift, déi d’Spiller vun der FLQ vu Langenfeld mat Heem bréngen.