Diamond League: Finall4. Plaz fir Patrizia van der Weken a Ruben Querinjean

RTL Lëtzebuerg
Mam Ruben Querinjean an dem Patrizia van der Weken hu sech eng éischte Kéier zwee Lëtzebuerger fir d'Finall vun der Diamond League qualifizéiert. Allebéid ware si e Samschdeg den Owend am Asaz.
Diamond League: Finall - 4. Plaz fir Patrizia van der Weken a Ruben Querinjean
Mam Ruben Querinjean an dem Patrizia van der Weken hu sech eng éischte Kéier zwee Lëtzebuerger fir d'Finall vun der Diamond League qualifizéiert.

An der Diamond-League-Finall, bei där just déi bescht Athleeten an Athleetinne vun de leschte Manchen dobäi sinn, war et fir d'Patrizia van der Weken iwwer 100 Meter e Samschdeg déi 4. Plaz. Fir de Ruben Querinjean war et iwwer 3.000 Meter Steeple och déi 4. Plaz.

D'Patrizia van der Weken huet et mat engem Chrono vun 11 Sekonnen an 8 Honnertstel op déi 4. Plaz gepackt an domat de Podium just knapp verpasst. Si ass 3 Honnertstel iwwert hirer Saisonsbeschtzäit an 8 Honnertstel iwwert hirem nationale Rekord bliwwen.

D'Victoire war fir d'Jamaikanerin Tina Clayton (10.93), dat virun der Brittin Amy Hunt (11.06) an der US-Amerikanerin Sha'Carri Richardson (11.07).

Fir d'Patrizia van der Weken war et zu Bréissel schonn déi 3. Diamond-League-Finall hannerteneen, fir déi si sech qualifizéiert hat. Virun der Finall war d'Lëtzebuergerin op Plaz 4 am generelle Schlussklassement vum 100m-Ranking bei den Dammen. Déi endgülteg Plaz an deem Klassement ass nach net offiziell.

D'Patrizia van der Weken war dobäi liicht gestresst un den Depart gaangen. D'Pist, fir sech waarm ze maachen, hat nämlech ee komesche Rebound, wéi d'Lëtzebuergerin erkläert huet.

D'Resultat an d'Placéierung waren awer iwwerzeegend. 11.08 Sekonnen, den drëttbeschte Chrono fir dës Saison an zwee Honnertstel hannert der véierfacher Europameeschterin vu Birmingham, dem Amy Hunt, nëmmen een Honnertstel hannert dem Sha'Carry Richardsson, der dräifacher Weltmeeschterin an Olympiagewënnerin.

Nëmmen dem Tina Clayton ass et gelongen, ënnert den 11 Sekonnen ze lafen. D'Jamaikanerin wënnt domat dës prestigiéis Finall. D'Patrizia van der Weken ass domat zweetbescht Europäerin, kloer virun der Indoor-Europa- a Weltmeeschterin Zaynab Dosso an der belscher Sprinterin Delphine Nikansa.

Am Virfeld hat den Trainer Arnaud Starck deklaréiert, mat enger Top5-Klasséierung zefridden ze sinn. D'Lëtzebuerger Sportlerin gouf zu Bréissel vum CAPA Ettelbréck an och dem CSL tatkräfteg ënnerstëtzt.

De CAPA Ettelbréck war mat engem Bus op Bréissel gefuer, fir d'Patrizia van der Weken unzefeieren.
De CAPA Ettelbréck war mat engem Bus op Bréissel gefuer, fir d'Patrizia van der Weken unzefeieren.
© Harry Daemen

An der Finall iwwer 3.000 Meter Steeple huet de Ruben Querinjean sech e Samschdeg den Owend mat enger Zäit vun 8 Minutten, 11 Sekonnen a 97 Honnertstel och als 4. klasséiert. Domat ass hie méi wéi 6 Sekonnen iwwert sengem Rekord bliwwen, deen hie viru Kuerzem opgestallt huet. Mat deem Resultat huet de Lëtzebuerger awer bewisen, dass hie mat deenen Allerbeschte ka mathalen Et feelt dem Vizeeuropameeschter virun allem un der Technik beim Iwwersprange vun den Hürden. Eng Kéier blouf hien un enger Hürd hänken an eng aner Kéier ass hie liicht mat engem Kenianer kollidéiert. 

D'Victoire ass hei un den Äthiopier Gemechu Godana gaangen. Mat engem Chrono vun 8:08.67 huet hie sech virum Marokkaner Soufiane El Bakkali (8:10.03) an dem Kenianer Simon Koech (8:11.15) duerchgesat.

De Querinjean war virun der Finall den 11. am 3.000m-Steeple-Ranking, och hei ass d'Schlussklassement nach net offiziell.

Back to Top
CIM LOGO