Olympesch Wanterspiller am IwwerbléckLescht Goldmedail geet un d'Äishockey-Hären aus den USA

RTL Lëtzebuerg
Déi 25. Editioun vun den Olympesche Wanterspiller gëtt zu Mailand an an der Ëmgéigend vu Cortina d'Ampezzo ausgedroen.
USA players celebrate winning the men's gold medal ice hockey match between Canada and USA at the Milano Santagiulia Ice Hockey Arena during the Milano Cortina 2026 Winter Olympic Games in Milan, on February 22, 2026. (Photo by Alexander NEMENOV / AFP)
D’Freed iwwer Gold steet der USA an d’Gesiicht geschriwwen.
© AFP

2. Woch

Déi zwou gréisst Äishockey-Natiounen op der Welt stounge sech e Sonndeg de Mëtteg um 14 Auer an der Finall géigeniwwer, an där déi lescht Decisioun ëm eng Goldmedail bei dësen Olympesche Wanterspiller gefall ass. Um Enn konnt sech d’USA no Verlängerung mat 2:1 géint Kanada duerchsetzen a sech zu Gold kréinen. De Medailespigel konnten d’Norweger fir sech entscheeden, déi 18 Mol Gold, 12 Mol Sëlwer an 11 Mol Bronze gewonnen hunn. E Sonndeg den Owend stoung dann nach déi offiziell Ofschlosszeremonie zu Verona um Programm.

E Samschdeg huet sech d’Oceane Michelon trotz zwee Feeler beim Schéissen d’Goldmedail am Biathlon-Massestart vun den Damme geséchert. Nach nom leschte Schéisse konnt déi 23 Joer al Franséisin duerch eng immens staark Laf-Leeschtung d’Landsfra Julia Simon (+6.60s, 1 Feeler) an d’Tschechin Tereza Vobornika (7.40s, 1 Feeler) nach esou just iwwerhuelen.

Nieft dem sportlechen Deel huet sech dës lescht awer och vill ëm eng méiglech Visitt vum Donald Trump zu Mailand gedréint. Den US-President soll der italieenescher Press no, e Sonndeg awer net fir d’Äishockey-Final tëscht den USA a Kanada op Mailand kommen. Virdrun hat et Rumeuren an déi Richtung ginn, ma d’Zeitung “Corriere della Sera” huet elo geschriwwen, den US-amerikanesche Konsulat hätt eng Ofso kritt. D’Sécherheetsbestëmmunge sollen awer einstweile bestoe bleiwen.

Virum leschte Weekend ass et e Freideg am fréie Mëtteg am Biathlon-Massestart eng Goldmedail fir den Norweger Johannes Dale-Skjevdal ginn, deen ouni Feeler beim Schéissen de Sturla Hilm Laegreid (1 Feeler, +10.50s) a Quentin Fillon Maillet (4 Feeler, +25.60s) um Podium hannert sech gelooss huet.

Déi éischt Goldmedail vum Donneschdeg ass un déi norwegesch Ekipp an der Nordescher Kombinatioun gaangen. Den Duo Skoglund an Oftebro konnte sech virun hire Konkurrenten aus Finnland op Plaz 2 an Éisträich op Plaz 3 behaapten. Owes huet sech USA an der Finall vum Dammen-Äishockey an der Overtime mat 2:1 géint Kanada behaapt an domadder Gold gewonnen.

E Mëttwoch stoung am Biathlon d'4 x 6 Kilometer Staffel bei den Dammen um Programm. D’Goldmedail goung u Frankräich. Géint d’Camille Bened, d’Lou Jeanmonnot, d’Oceane Michelon an d’Julia Simon war kee Kraut gewuess. Si konnte sech um Enn mat enger Avance vu ronn 51 Sekonne virun der schweedescher Staffel duerchsetzen, déi domadder Sëlwer kritt hunn. Bronze goung un Norwegen. Däitschland koum op déi 4. Plaz.

Eng kleng Enttäuschung bei Olympia gouf et schonn e Mëttwoch de Moien. D’Lëtzebuerger Schifuererin Gwyneth Ten Raa ass bei déi éischter Manche am Slalom am Ski Alpin vun den Dammen zu Cortina d’Ampezzo net am Zil ukomm. Domat koum si net ënnert déi éischt 30, déi mëttes beim zweete Laf ëm d’Medail gekämpft hunn. D’Favorittin aus den USA Mikaela Shiffrin ass am séiersten tëscht de Staangen de Bierg erofkomm a konnt sech domadder d’Goldmedail sécheren. Sëlwer goung un d’Schwäizerin Camille Rast. Komplettéiert gouf de Podium vun der Schweedin Anna Swenn Larsson.

En Dënschdeg gouf et am Biathlon an der 4 x 7,5 Kilometer Staffel vun de Männer eng Victoire vu Frankräich. De Fabien Claude, den Emilien Jacquelin, de Quentin Fillon Maillet an den Eric Perrot konnte sech mat enger Avance vu knapp 10 Sekonne viru Norwegen duerchsetzen, déi domat Selwer kréien. Komplettéiert gouf de Podium vun der schweedescher Staffel. Op déi 4. Plaz koum Däitschland. E Mëttwoch ass d‘Course vun den Dammen.

Fir den Optakt vun de leschte siwen Deeg bei dësen Olympesche Wanterspiller an Italien ass e Méindeg d’Goldmedail am Slalom un de Schwäizer Loïc Meillard gaangen. De Matthieu Osch ass dobäi op eng staark 28. Plaz gefuer. Eng weider dramatesch Decisioun gouf et dann owes ënner anerem nach am Super-Team-Schisprangen vun den Hären, wou den zweeten Duerchgang wéinst dem ville Schnéi net méi op Enn konnt bruecht ginn a sou d’Wäertung aus dem éischten Duerchgang geholl gouf. Domat ass Gold un Éisträich gaangen, Sëlwer u Polen a Bronze un Norwegen.

1. Woch

Een Dag nom Mathieu Osch war e Sonndeg mam Gwyneth ten Raa déi zweet Lëtzebuergerin bei den Olympesche Wanterspiller an Italien am Asaz. Bei der éischter Manche vum Riseslalom huet sech d’Gwyneth ten Raa op déi 34. Plaz klasséiert. Si hat 3 Sekonne a 37 Honnertstel Retard op Federica Bignone, déi d’Descente op der Pist “Tofane” zu Cortina d’Ampezzo. Déi 20 Joer jonk Lëtzebuergerin huet sech am zweeten Duerchgang nach ëm véier Plaze verbessert a gouf um Enn déi 30.

Um 9. Kompetitiounsdag vun de 25. Olympesche Wanterspiller huet d’Federica Brignone de Riseslalom gewonnen an hir zweet Goldmedail gewonnen. Am Damme-Biathlon huet d’Lisa Vittozzi sech den Dram vun enger Goldmedail virun heemeschem Public erfëllt an d’Poursuite zu Antholz gewonnen. D’Italieenerin blouf ouni Schéissfeeler an hat op der Arrivée eng komfortabel Avance op d’Maren Kirkeeide (+ 28,8 Sekonnen) an d’Finnin Suvi Minkkinen (+ 34,3). D’Kirkeeide hat sech eréischt den Dag virdru Gold am Sprint geséchert an duerft sech domat iwwer eng weider olympesch Medail freeën. Bei den Häre goung d’Goldmedail un de Schweed Martin Ponsiluoma.

Op Vältesdag war dann och mam Mathieu Osch den éischte Lëtzebuerger am Asaz. Bei der éischter Manche vum Riseslalom um Moie koum hie mat engem Chrono vun enger Minutt, 25 Sekonnen a sechs Honnertstel un. Nom éischten Tour louch den Osch op der 50. Plaz, hie konnt sech an der zweeter Manche awer nach op déi 46. Plaz no vir schaffen. Gewonnen huet de gebiertegen Norweeger Lucas Pinheiro Braathen, deen ënner brasilianeschem Fändel untrëtt. Am Damme-Biathlon huet d’Norweegerin Maren Kirkeeide Gold am Sprint gewonnen. Si konnt sech 3,8 Sekonne virun der Océane Michelon behaapten. Mat der Lou Jeanmonnot (+ 23,7) koum eng weider Franséisin op de Podium.

Owes am Schisprangen huet den Domen Prevc no senger sechster Plaz op der normaler Schanz eng Reaktioun gewisen a sech däitlech d’Goldmedail vun der grousser Schanz geséchert. Domat gewënnt de Sloween no der Schifluch-Weltmeeschterschaft an der Véierschanzen-Tournee säin drëtten Titel an dëser Saison. Mam Ren Nikaido an dem Kacper Tomasiak stoungen déi selwecht Leit an anerer Reiefolleg um Podium wéi am éischte Sprangen.

D’Goldmedail am Biathlon-Sprint ass e Freideg de Mëtteg un de Quentin Fillon Maillet gaangen. De Fransous huet sech kee Feeler erlaabt an hat um Enn e relativ komfortabele Virsprong op d’Norweger Vetle Sjastad Christiansen (+13.70s) a Sturla Holm Laegreid (+15.90s).

En Donneschdeg de Moien huet d’Federica Brignone am Super G d’Goldmedail gewonnen. D’Italieenerin konnt sech virum Romane Miradoli (+0.41s) aus Frankräich an dem Cornelia Huetter (+0.52s) aus Éisträich duerchsetzen a kréint domat hire Comeback. Am Abrëll 2025 hat si sech ganz uerg um Been blesséiert an ass réischt zanter gutt dräi Wochen zréck an der Competitioun.

Bei den Hären huet e Mëttwoch de Franjo von Allmen de Super-G zu Bormio gewonnen. De Schwäizer huet sech mat enger Avance vun 13 Honnertstelsekonne géint den US Amerikaner Ryan Cochran-Siegle duerchgesat. Op 28 Honnertstel ass deen anere Schwäizer Marco Odermatt op déi Plaz 3 komm. Fir de von Allmen war et schonns déi drëtt Goldmedail bei dëse Spiller. Am Biathlon gouf et dann nach iwwer 15 Kilometer Eenzel Gold fir d‘Julia Simon. D‘Franseisin konnt sech ganz souverän duerchsetzen. Op déi zweete Plaz, mat 53 Sekonne Retard, kënnt hir Landsfra Lou Jeanmonnot, Bronze ass fir d‘Lora Hristova aus Bulgarien, déi am Zil 1 Minutt a 4 Sekonne Réckstand hat.

En Dënschdeg goung am Schi Alpin an der Ekippe-Kombinatioun bei den Dammen d’Goldmedail un Éisträich. D’Ariane Rädler an d’Katharina Huber konnte sech um Enn virun den Däitschen Kira Weidle an Emma Aicher behaapten. Bronze goung un d’Amerikanerinne Jacqueline Wiles a Paula Moltzan. Déi zwou amerikanesch Favorittinne Breezy Johnson a Mikaela Schiffrin koumen nemmen op déi 4. Plaz. D’Ekippe-Kombinatioun besteet jeeweils aus zwou Fuererinnen aus enger Natioun, eng fiert Descente an déi aner am Slalom.

Donieft konnt sech am Hären-Biathlon de Johan-Olav Botn iwwer 20 Kilometer d’Goldmedail sécheren. Den Eric Perrot gétt Zweeten a wennt Selwer fir Frankräich. Den Norweger Sturla Holm Laegreid kennt op déi drëtte Plaz a kritt Bronze. De Botn ass iwwer 20 Kilometer beim Schéisse feelerfräi bliwwen. Dat gouf et bei Olympia iwwert déi Distanz bei den Hären net méi zanter den Olympesche Wanterspiller zu Albertville 1992.

E Méindeg gouf et an der Ekippe-Kombinatioun am Schi Alpin eng Duebel-Victoire fir d’Schwäiz, bei där sech de Franjo von Allmen zesumme mam Tanguy Nef seng zweet Goldmedail bei dëse Spiller séchere konnt. No enger staarker Descente vum von Allmen bei der Descente op der Stelvio-Pist moies um 10 Auer konnt säin Teamkolleeg Nef d’Victoire dann am Slalom mëttes iwwert d’Arrivée bréngen. Do hannendrun koum Éisträich mat der Koppel Kriechmayr/Feller an d’Schwaiz mat Odermatt/Meillard zäitgläich mat engem Ecart vun 0.99 Sekonnen op déi zweet Plaz um Podium.

Owes dunn huet am Schisprangen den däitsche Philipp Raimund fir eng Iwwerraschung gesuergt an déi zweet Goldmedail fir Däitschland bei dësen olympesche Wanterspiller geséchert. Do virdrun hat de 25 Joer ale Raimund nach ni bei enger Weltcompetitioun eng Victoire konnte feieren. De Favorit Domen Prevc ass dobäi just de 6. ginn.

Am Biathlon huet sech Frankräich e Sonndeg souverän d’Goldmedail geséchert. De Quartett aus Eric Perrot, Quentin Fillon Maillet, Lou Jeanmonnot a Julia Simon blouf ouni Schéissfeeler an hat iwwer eng Minutt Avance op Italien (+ 0:25), dat och all d’Scheiwe getraff huet. Drëtte gouf Däitschland mat 1:05 Minutte Réckstand, well déi lescht Leeferin Franziska Preuß véier Mol noluede musst an dofir eng Strofronn huet musse lafen.

Um éischten offiziellen Dag vun de Kompetitioune war e Samschdeg déi éischt Goldmedail vun dësen Olympesche Wanterspiller un de Franjo von Allmen gaangen. De Schwäizer hat dobai béid Italieener Giovanni Franzoni (+0.20s) an Dominik Paris (+0.50s) hannert sech gelooss. E Sonndeg war et dann un den Dammen, fir an d’Descente ze goen. Do konnt sech d’Breezey Johnson mat enger knapper Avance vun 0,04 Sekonne virun der Däitscher Emma Aicher duerchsetzen. D’Lokalmatadorin Sofia Goggia (+ 0,59) huet sech Bronze gekroopt. D’Theema vun der Kompetitioun war awer den Accident vun der Lindsey Vonn. D’Amerikanerin gouf mam Helikopter an d’Spidol geflunn.

Olympesch Wanterspiller am Iwwerbléck
Déi 25. Editioun vun den Olympesche Wanterspiller gëtt zu Mailand an an der Ëmgéigend vu Cortina d’Ampezzo ausgedroen.

All d'Decisiounen ëm d'Medailen am Iwwerbléck
Samschdeg, 7.2.
Sonndeg, 8.2.
Méindeg, 9.2.
Dënschdeg, 10.2.
Mëttwoch, 11.2.
Donneschdeg, 12.2.
Freideg, 13.2.
Samschdeg, 14.2.
Sonndeg, 15.2.
Méindeg, 16.2.
Dënschdeg, 17.2.
Mëttwoch, 18.2.
Donneschdeg, 19.2.
Freideg, 20.2.
Samschdeg, 21.2.
Sonndeg, 22.2.

Weider Artikelen zu den Olympesche Wanterspiller 2026

https://www.rtl.lu/sport/news/ofschlosszeremonie-zu-verona-1416221484

Back to Top
CIM LOGO