Auszäit am SchnéiD'Trends an d'Präisser vun dëser Wantersport-Saison

RTL Lëtzebuerg
Vill Lëtzebuerger zitt et dëser Deeg an de Schnéi. Dacks eng deier an deels och eng geféierlech Vakanz. Wat sinn d'Trends, op wat soll een oppassen?
D'Trends an d'Präisser vun dëser Wantersport-Saison
Vill Lëtzebuerger zitt et dëser Deeg an de Schnéi. Dacks eng deier, an deels och eng geféierlech Vakanz. Wat sinn d’Trends, op wat soll een oppassen?

D’Fuesvakanz steet virun der Dier an zitt all Joer op en Neits vill Lëtzebuerger a Richtung Bierger, wou Schifueren um Programm steet. Ma de Pistespaass ass och ëmmer mat ville Käschte verbonnen. De Präis vun de Schipäss ass an der Moyenne ëm 5 Prozent am Verglach zum leschte Joer geklommen. Dëst gëllt fir déi ganz Alperegioun. Eng Famill vu 4 Käpp muss fir dräi Schi-Deeg jee no Land tëscht 300 an 800 Euro op den Dësch leeën. Dobäi kommen dann nach sämtlech aner Käschten, vum Ekipement bis zur Verfleegung.

Wie sech op de Wantersport preparéiert, muss och ëmmer mat enger Rei Gefore rechnen. Eng grouss Gefor si Lawinen. Dëst Joer si scho vill Mënschen an den Alpen ëm d’Liewe komm. Mee och op der normaler Pist kann ee sech blesséieren. An dat net just duerch seng eege Feeler. Wéi ee sech géint all déi Geforen ekipéiere kann, erkläert eis de Patron vun engem grousse Lëtzebuerger Sportsbuttek.

Back to Top
CIM LOGO