Luxembourg Ladies Tennis MastersAngelique Kerber wënnt d'Finall géint d'Yanina Wickmayer

Jeff Birsens
D'Angelique Kerber huet duerch eng Victoire géint d'Yanina Wickmayer hiren Titel aus dem leschte Joer verdeedegt.
De Resumé vun der Finall vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters
An der Finall huet d'Angelique Kerber sech bannent zwee Sätz géint Yanina Wickmayer duerchgesat

D'Angelique Kerber huet déi 5. Editioun vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters gewonnen. An der Finall an der Coque huet sech déi fréier däitsch Tennisspillerin e Sonndeg mat 6:4 a 6:2 géint d'Belsch Yanina Wickmayer duerchgesat.

Am éischte Saz hu sech béid fréier Tennis-Profien ufanks en Duell op Aenhéicht geliwwert. Wéi d'Wickmayer mat 3:2 a Féierung louch, huet d'Angelique Kerber dann awer sou richteg lassgeluecht an no 12 Punkten hannerteneen louch déi Däitsch op eemol 5:3 vir. Zwar konnt d'Wickmayer duerno nach ee weidere Break esou just verhënneren, ma am decisive Jeu huet d'Kerber de Sak fir den éischte Saz souverän zum 6:4 zougemaach.

Am zweete Saz huet dann d'Kraaft vun der Yanina Wickmayer siichtlech e Stéck nogelooss. D'Angelique Kerber huet d'Jeue gekonnt erofgespillt a konnt no engem 6:2-Sazgewënn um Enn den zweeten Titel hannertenee perfekt maachen.

Angelique Kerber gewënnt fir d'2. Kéier de Luxembourg Ladies Tennis Masters
Déi fréier Nummer 1 op der Welt huet sech an der Finall géint d'Yanina Wickmayer behaapt.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO