Luxembourg Ladies Tennis MastersAngelique Kerber trëfft an der Finall op Yanina Wickmayer

RTL Lëtzebuerg
Déi fréier däitsch Nummer 1 konnt sech an zwee Sätz géint d'Agnieszka Radwanska duerchsetzen. De Match Wickmayer géint Cornet gouf am Super Tiebreak decidéiert.
© Roland Miny

D'Angelique Kerber, d'Gewënnerin vun der Editioun 2025, steet als éischt Spillerin an der Finall vum Luxembourg Ladies Tennis Masters. Hir Géignerin gouf am Match tëscht der Yanina Wickmayer an der Alizé Cornet gesicht. Well d'Wickmayer gewonnen huet, kënnt et net zum Remake vun der Finall zejoert kommen.

Déi éischt Halleffinall tëscht der Agnieszka Radwanska an der Angelique Kerber war vum Resultat hier (6:2, 6:4) vläicht däitlech, mee de Matchverlaf huet dat net erëmgespigelt. Virun allem am éischte Saz war déi fréier polnesch Nummer 1 vun der Weltranglëscht op engem Niveau mat der Däitscher, hat an den decisive Momenter awer net dat néidegt Gléck op hirer Säit.

Och am zweete Saz ass der Radwanska kee Comeback gelongen, well hir Bäll net laang genuch waren, fir d'Kerber a Schwieregkeeten ze bréngen. Trotz enger méi héijer Feelerquot bei der fréierer däitscher Nummer 1 war hir d'Victoire net méi ze huelen. Wéi d'Polin mat 4:5 dru war, huet d'Lénkshännerin bei eegenem Service de Match zougemaach.

Luxembourg Ladies Tennis Masters: Kerber steet och 2026 an der Finall (Replay)

Am zweete Match stounge sech d'Alizé Cornet an d'Yanina Wickmayer géintiwwer an hu sech eng spannend Halleffinall geliwwert. Den éischte Saz goung knapp mat 7:5 un d'Wickmayer. Uschléissend ass den Niveau vum Match e bëssen erofgaangen a béid Spillerinnen hu vill Feeler produzéiert. D'Cornet konnt sech awer zimmlech däitlech mat 6:2 am zweete Saz duerchsetzen, soudass d'Entscheedung am Super Tiebreak gefall ass. Do huet d'Belsch mat 10:5 d'Iwwerhand behalen.

Luxembourg Ladies Tennis Masters: Wickmayer packt Sprong a Finall (Replay)

D'Fotogallerien am Iwwerbléck

Well de Match sou laang gedauert huet, kéint d'Angelique Kerber en entscheedende Virdeel hunn. D'Wickmayer hat am éischten Tour schonn eng Éiereronn gedréint D'Finall kënnt Dir e Sonndeg vu 15 Auer un op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play suivéieren.

Hei fannt Dir de ganzen Dossier vum Luxembourg Ladies Tennis Masters.

Back to Top
CIM LOGO