
De Gregor Payet ass e Samschdeg op der Triathlon-EM zu Tarragone a Spuenien op déi 22. Plaz komm. De Lëtzebuerger hat no de 1500 Meter Schwammen, 40 Kilometer Vëlofueren an 10 Kilometer Lafen e Retard vun dräi Minutten an zéng Sekonnen op den neien Europameeschter Oliver Conway aus Groussbritannien. Sëlwer a Bronze ware fir de Britt Michael Gar (+36 Sekonnen) an de Spuenier Roberto Sanchez Mantecon (+52 Sekonnen).
Nieft dem Payet waren nach dräi weider Lëtzebuerger bei den Hären um Depart. Fir de Lucas Cambresy ass et um Enn déi 24. Plaz (+3:29), fir den Théo Marti déi 46. Plaz (+10:23) a fir den Aurelien Carré déi 49. Plaz (+11:28).
Bei den Dammen huet sech déi Däitsch Lisa Tertsch den Europameeschtertitel geséchert. Si huet sech virum Jolien Vermeylen aus der Belsch (+0:02) an dem Valentina Riasova aus Russland (+0:07) duerchgesat. Hei war keng Lëtzebuergerin um Depart.