Cyclissem-EM a SlowenienNina Berton am Zäitfueren 13., Alex Kirsch op Plaz 21

Sam Rickal
22 Kilometer ronderëm Sencur a Slowenien haten d'Coureuren e Mëttwoch hannert sech ze bréngen.
D'Nina Berton, hei nach am Mixed Relay als lescht an der Rei, koum am Eenzel-Zäitfueren bei der Dammen-Elite op déi 13. Plaz.
D'Nina Berton, hei nach am Mixed Relay als lescht an der Rei, koum am Eenzel-Zäitfueren bei der Dammen-Elite op déi 13. Plaz.
© FSCL

Op der Europameeschterschaft am Cyclissem a Slowenien war e Mëttwoch beim Contre-la-montre vun den Hären de Primoz Roglic dee Séiersten. De Slowen konnt sech mat enger Avance vu 7 Sekonne virun den zwee Fransouse Bruno Armirail a Maxime Decomble duerchsetzen. Beschte Lëtzebuerger war den Alex Kirsch op der Plaz 21, dat mat engem Retard vun enger Minutt a 37 Sekonnen. De Mathieu Kockelmann gouf de 25.

Bei der Dammen-Elite gouf et eng Victoire vum Marlen Reusser. D‘Schwäizerin konnt sech mat enger Avance vun 23 Sekonnen virum Demi Vollering duerchsetzen. D‘Nina Berton koum als bescht Lëtzebuergerin op Plaz 13 an hat ee Retard vun 3 Minutten a 36 Sekonnen. D‘Marie Schreiber klasséiert sech op Plaz 16.

Am Eenzel-Zäitfuere bei de Junior-Damme koum d'Elena Lopes e Mëttwoch mat engem Retard vun enger Minutt an 8 Sekonnen op déi 9. Plaz. D'June Nothum gouf déi 23. op 3 Minutten an eng Sekonn.

Bei den Häre koum de Maximilien Outlet op déi 34. Plaz, den Dave Cichy op déi 39. an den Thibault Hansen op déi 50. Plaz.

Bei den Dammen ënner 23 Joer gouf d'Gwen Nothum déi 15. an d'Liv Wenzel ass op Plaz 16 gefuer.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO