
D'Sportwelt läit den Ament wéinst dem Coronavirus op Äis.
An de leschten Deeg a Woche gouf sech an den internationale Medien ëmmer nees d'Fro gestallt, wéini datt och d'Olympesch Summerspiller zu Tokio mussen ofgesot, respektiv verluecht ginn. Bis e Sonndeg hat sech den IOC domat schwéier gedoen.
Bis e Sonndeg huet et vun offizieller Säit ëmmer nees geheescht, et géif ee weider um Datum vum 24. Juli dëst Joer festhalen.
E Sonndeg den Owend koum dunn d'Nouvelle vum IOC, datt ee sech elo eng Deadline vu 4 Woche géif ginn, fir ze kucken, wat ee mat de Summerspiller soll maachen.
Ganz ofsoen, géif laut dem IOC, net a Fro kommen, éischter gëtt dru geduecht, fir dat gréisste Sportevent vun der Welt op 2021 oder souguer 22 ze verleeën.
Den Cosl-President André Hoffmann ass och der Meenung, datt et wéinst der Corona-Epidemie zäitlech wuel ze enk gëtt, fir um aktuellen Datum festzehalen.
De japanesche Premier Abe huet e Sonndeg am Parlament och eng éischte Kéier gesot, datt mat engem Verréckele misst gerechent ginn.
D'olympesch Summerspiller a Japan gi reportéiert, d'USA Today bezitt sech e Méindeg den Owend bei dësen Nouvellen op de fréieren IOC-Vizepresident Dick Pound.
Wéi de Pound zitéiert gëtt, hätt den IOC wéinst den Informatiounen iwwert d'Corona-Pandemie decidéiert, d'Olympesch Spiller op d'nächst Joer ze verleeën.
Offiziell Sourcen zu Tokio oder beim IOC hunn des Nouvellen nach net confirméiert.
Wéi et e Méindeg geheescht huet, dierft de Report vun de Spiller Japan eng 5,7 Milliarden Euro kaschten.