
U sech e ganz kuerze Prozess huet de Rafael Nadal mam Roger Federer gemaach. An 3 Sätz hat de Spuenier all Kéiers d'Nues vir a konnt sech esou mat 6:3, 6:4 a 6:3 duerchsetzen. Domadder steet den Nadal elo fir déi 12. Kéier an der Finall vun de French Open, déi Finalle konnt hie bis elo och all fir sech entscheeden.
Hien trëfft an der Finall entweder op den Novak Djokovic oder den Dominic Thiem. Dës Decisioun fält eréischt e Samschdeg, well d'Partie wéinst dem Wand an dem Reen um Freideg huet missen ofgebrach ginn. Den Djokovic, aktuell d'Nummer 1 op der Welt, hat den éischte Saz mat 6:2 gewonnen. Deen zweete Saz war fir den Thiem mat 6:3. Am drëtte Saz loung den Thiem mat 3:1 a Féierung, wéi de Match huet missen ofgebrach ginn.
D'Halleffinall gëtt e Samschdeg um 12 Auer weidergespillt.

Eng weider Iwwerraschung gëtt et bei den Dammen, wou sech d'Vondrousova an 2 Sätz konnt géint d'Konta duerchsetzen. Dat béid Kéiere ganz knapp mat 7:5 a 7:6. D'Konta hat am éischte Saz direkt zwee Sazbäll, ma konnt dës net duerchbréngen an huet esou de Satz missten ofginn. Direkt den éischte Matchball konnt d'Vondrousova um Schlulss vum zweete Saz notzen, fir de Match ze gewannen.

Do trëfft déi jonk Tschechin trëfft hei op d'Australierin Bart Ashleigh Barty, déi sech an 3 Sätz 6:7, 6:3 a 6:3 konnt behaapten. Et war e kuriéise Match tëscht béide Spillerinnen. Den eenzege Saz, deen d'Barty verluer hat, hat si laang am Grëff a war 5:0 vir, fir dono awer sech 5:7 geschloen ze ginn. Am zweete Saz du louch et 3:0 zeréck an huet dunn de Saz awer nach mat 6:3 fir sech entscheet. De leschte Saz huet si dunn dominéiert.
Fir béid Finalistinnen ass et déi éischte Finall bei engem Grand-Slam. De Match gëtt e Samschdeg um 15 Auer gespillt.