
Bei der grousser Finall e Samschdeg zu Lausanne ass dem Fransous déi 5. Plaz duergaangen, fir sech säin éischte WM-Titel ze sécheren. Dee leschte Fransous, deen dësen Titel gewanne konnt, war den Olivier Marceau am Joer 2000. De Vincent Luis konnt an dëser Saison virun allem duerch seng Konstanz iwwerzeegen.