
Hei stécht d'US-amerikanesch Tennisspillerin Serena Williams mat engem Salaire vun eppes iwwer 26 Milliounen Euro eraus. Op der 2. Plaz, mat dach engem gréissere Réckstand, läit d'Noami Osaka mat bal 22 Milliounen Euro. D'Top 3 gëtt vun der Angelique Kerber completéiert. Déi Däitsch Tennisspillerin, déi am leschte Joer Wimbledon fir sech entscheede konnt, huet an de leschten 12 Méint 10 1/2 Milliounen Euro verdéngt.
An dës Zomme goufen net just d'Präisgelder mat agerechent, mä och aner Einname beispillsweis aus Sponsoring-Verträg an anere Primmen.
Opfälleg ass, datt vun den 12 éischten, et 11 Sportlerinne sinn, déi aus dem Tennis kommen. D'Lëscht gëtt vun der Alex Morgan vervollstännegt - si gouf mat dem US-Team Weltmeeschterin am Futtball.
D'Serena Williams ass iwwregens mat hiren 29,2 Milliounen Dollar déi eenzeg Fra an den TOP100 vun de Sportler, déi am meeschte verdéngen. De Lionel Messi steet hei op der 1 mat 113,36 Milliounen Dollar.
1. Serena Williams (USA) Tennis 26,07 Millionen Euro
2. Naomi Osaka (Japan) Tennis 21,69 Millionen
3. Angelique Kerber (Däitschland) Tennis 10,53 Millionen
4. Simona Halep (Rumänien) Tennis 9,10 Millionen
5. Sloane Stephens (USA) Tennis 8,57 Millionen
6. Caroline Wozniacki (Dänemark) Tennis 6,70 Millionen
7. Maria Scharapowa (Russland) Tennis 6,25 Millionen
8. Karolina Pliskova (Tschech Republik) Tennis 5,62 Millionen
9. Jelena Switolina (Ukrain) Tennis 5,45 Millionen
10. Garbine Muguruza (Spunien) Tennis 5,27 Millionen
10. Venus Willimas (USA) Tennis 5,27 Millionen
12. Alex Morgan (USA) Futtball 5,18 Millionen