
An der drëtter Ronn ass och d’Australierin Ashleigh Barty, no enger Victoire an zwee Sätz géint d’Amerikanerin Lauren Davis.
Bei den Hären ass de Serb Novak Djokovic eng Ronn weider no enger Victoire an dräi Sätz géint den Argentinier Juan Ignacio Londero.

Well et vill gereent huet, hunn eng Partie Matcher vun der zweeter Ronn missen ënnerbrach, respektiv op en Donneschdeg verluecht ginn.