Den Iwwerbléck vum WantersportParis wënnt leschte Super G vun der Saison, Botn séiersten am Massestart

RTL Lëtzebuerg
D'Saison am Wantersport geet sou lues op en Enn, e Sonndeg stoungen nach eemol eng Rei Competitiounen um Programm.
© AFP

Biathlon

D’Lisa Vittozzi huet déi leschte Course bei den Dammen an dëser Saison fir sech entscheet. D’Italieenerin huet de Massestart zu Oslo a Norwegen no 12.5km knapp virum Hanna Öberg aus Schwede gewonnen. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir Tereza Vobornikova. D’Lou Jeanmonnot aus Frankreich gewënnt an dëser Saison de Weltcup. Déi kleng Kristallbull fir de Massestart geet un d’Julia Simon.

Bei den Hären huet de Massestart no 15 Kilometer de Norweger Johan-Olav Botn gewonnen. Hie ka sech am Schlusssprint virum Däitsche Philipp Nawrath duerchsetzen. Déi drëtte Plaz geet un de Fransous Eric Perrot. De Gesamtweltcup geet un de Eric Perrot.

Schisprangen

Beim Skifléien zu Vikersund stoung e Sonndeg de Moie bei den Dammen d’Eirin Kvandal ganz uewen um Podium. Nika Prevy an d’Anna Odine Strom komplettéieren déi éischt dräi.

Schi Alpin

D’Sofia Goggia gewënnt net nëmmen de leschte Super G an der Saison, mee ass och déi bescht Fuererin an dëser Disziplin an dëser Saison. D’Italieenerin gewënnt déi lescht Manche vun der Saison virum Corinne Suter aus der Schwäiz an dem Kira Weidle-Winkelmann aus Däitschland.

Bei den Hären huet de Dominik Paris no der Descente e Samschdeg och de Super G e Sonndeg fir sech entscheet. Den Italieenesche Speed-Spezialist setzt sech virun deenen zwee Éisträicher Vincent Kriechmayr an dem Raphael Haaser duerch. Beschte Super G Fuerer an dëser Saison ass de Schwäizer Marco Odermatt.

Back to Top
CIM LOGO