
Beim ITF-Tournoi zu La Bisbal d'Emporda a Spuenien huet d'Mandy Minella e Freideg an der Véierelsfinall mat 3:6 a 4:6 géint d'Spuenierin Paula Badosa Gibert verluer.
D'Mandy Minella war beim Tournoi, dee mat 15.000 US-Dollar dotéiert ass, op 1 gesat.
D'Spuenierin steet an der Weltranglëscht op Plaz 135, d'Lëtzebuergerin ass d'Nummer 99.