WTA-Turnéier zu KoksijdeOut fir d'Eléonora Molinaro an der Belsch

RTL Lëtzebuerg
Déi jonk Nowuess-Tennisspillerin war an der Véierelsfinall der op Nummer 1 gesater Richel Hogenkamp an 2 Sätz (6:4, 6:2) ënnerleeën.
© Laurent Weber

Am éischte Saz hat dat jonkt Tennis-Ass nach gutt géint d'Hollännerin matgehalen, huet sech awer schliisslech misste mat 4:6 geschloe ginn.

Den zweete war d'Hogenkamp ze staark - dëse goung mat 2:6 aus der Siicht vun der Lëtzebuergerin aus, wat gläichzäiteg den Out bedeit huet.

Back to Top
CIM LOGO