RIPOlympësche Snowboarder Alex Pullin gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den 2011 an 2013 Snowboard-Cross-Weltmeeschter gouf an Australien, an der Géigend vun der Gold Coast, dout opfonnt.

Den 32 Joer alen Alex Pullin soll beim Freitauche, also tauchen ouni Sauerstoff, am Ozean vun aneren Taucher fonnt gi sinn. Hie war vu sech an hat keen Bols méi.

Wärend 45 Minutten sollen d'Rettungsdéngschter probéiert hunn, hien ze retten, ouni Succès.

Den Snowboarder huet un den Olympesche Spiller vun Vancouver (2010), Sotchi (2014) a Pyeongchang (2018) deelgeholl.

Säi bescht Resultat war déi 6. Plaz zu Pyeongchang am Februar 2018.

Viru 5 Deeg scho gouf ee Mann beim Freitauche bei Fraser Island, op der selwechter Küst, vun engem Hai ugegraff an ass gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO