FuttballOliver Kahn gëtt Member vum Verwaltungsrot vu Bayern München

RTL Lëtzebuerg
De fréieren däitschen National-Goalkeep a laangjärege Schlussmann bei Bayern München Oliver Kahn gëtt Member am Verwaltungsrot vum Bundesliga-Veräin.

An enger éischter Phas gëtt hien normale Member, op den 1. Januar 2022 ersetzt hinen dann de Karl-Heinz Rumenigge un der Spëtzt.

En Donneschdeg hat jo de President Uli Hoeness säi Récktrëtt bekannt ginn. Successeur soll hei den Herbert Hainer ginn.

Back to Top
CIM LOGO