
De Finanzchef vum 1.FC Kaiserslautern Michael Klatt wollt d‘Nimm vun de regionalen Investisseuren gewuer ginn, fir d‘Kontrakter fäerdeg ze maachen. Fir d‘Lizenz fir d‘drëtt Liga definitiv ze kréien, muss d’finanziell Situatioun vum Veräin, u sech bis den 17. Mee kloer sinn. E Méindeg war de Michael Littig, Opsiichtsrotspresident vum 1.FCK, an Oppositiounspolitiker am Gemengerot zu Lautern, (de 26. Mee sinn nieft den Europawalen an Rheinland-Pfalz och Gemengewalen), op eemol mat regionalen Investisseuren opgedaucht, déi 3 Millionunen Euro solle matbréngen. Duerch dëse Virstouss gouf d‘Propositioun vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca ausgebremst. Fir de Chaos zu Lautern komplett ze maachen, schreift d’Bild, sot de Paul Wüst, Member vum Opsiichtsrot vum Futtballclub, deen en Donneschdeg nach fir d‘Becca-Propositioun war, dunn en Méindeg op eemol fir déi regional Léisung war, datt de Becca awer nach ëmmer e Partner wär, dee wëllkomm ass.
De Gerry Ehrmann, Goalkeeperlegend um Betzenberg, an nach ëmmer Goalkeepstrainer bei de Profien, deen zanter 35 Joer am Veräin ass, sot an der regionaler Zeitung „die Rheinpfalz“, datt dat esou säi Veräin net méi wär, hien déif getraff wär, datt een esou mam 56 Joer Lëtzebuerger Geschäftsmann ëmgaange wär, an datt hie sech géif iwwerleeën iwwerhaapt nach beim 1.FCK virun ze fueren.
„Irrenhaus Lautern“ affaire à suivre!