
De Reen huet den Tennisspiller och um Dënschdeg ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach.
Déi éischt Partien hu kuerz nodeems se ugefaangen hunn, nees missen ënnerbrach ginn, well et erëm ugefaangen huet mat reenen.
Den Ugo Nastasi, d'Marie Weckerle an den Alex Knaff sollten um Dënschdeg an d'Eenzel-Kompetitioun starten. Dorausser ass wéinst dem Reen awer näischt ginn.
