US-OpenNadal trëfft op Medvedev an Häre-Finall

RTL Lëtzebuerg
Fir den Nadal ass et zu Flushing Meadows déi 5. Finall, hien huet sech an 3 Sätz (7:6,6:4,6:1) géint den Italiener Berrettini duerchgesat.

Fir de Medvedev ass et déi éischt Grand-Slam-Finall. Hie konnt an der Halleffinall de Bulgar Dimitrow mat 7:6, 6:4 a 6:3 eliminéieren.

D'Finall bei den Damme gëtt e Samschdeg  um 22 Auer eiser Zäit gespillt. Do sti sech d'Serena Williams an d'Bianca Andreescu vis-a-vis. Et ass e Generatiounenduell tëscht der 37 Joer aler Williams, déi hire 24. Grand-Slam-Titel wëll, an der jonker Kanadierin Andreescu vun 19 Joer.

Back to Top
CIM LOGO