Bayern MünchenMirsolav Klose kéint Co-Trainer vum Hansi Flick ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Chance vum 41 Joer ale fréiere Weltmeeschter géife gutt Stoen, dëse wichtege Poste beim däitsche Rekordmeeschter ze kréien.

Wéi d'Bild mellt, géif de Vertrag vum Klose, deen aktuell U-17 Trainer bei de Bayern ass, am Summer auslafen. Dono kéinten d'Bayern hien op de Poste vum Co-Trainer bei de Profien befërderen.

Fir de Klose selwer ass dëst wuel eng eescht Optioun, hien hätt awer d'Entscheedung nach net geholl. De Flick selwer soll sech dofir asetzen, datt de fréiere Weltmeeschter dëse Poste ka kréien.

Back to Top
CIM LOGO