SchachMichael Wiedenkeller gëtt nationale Champion am Schach

RTL Lëtzebuerg
No der Veräinsmeeschterschaft mat "De Sprenger Echternach", ass de Michael Wiedenkeller elo och am Eenzel de Lëtzebuerger Landesmeeschter.

An der entscheedender Phase vum A-Championnat goungen dem Wiedenkeller 2 Remisen an 1 Victoire duer, fir sech géint déi aner 3 Konkurrenten duerchzesetzen. Um Enn koum de Christoph Klamp op déi zweete Plaz, virum jonke Stefan Maltezeanu op Plaz 3.

Hei d'Resultater an d'Klassement vum A-Championnat:

1. Ronn:

Stefan Maltezeanu - Michael Wiedenkeller remis

Christoph Klamp - Fred Berend 0:1

2. Ronn:

Michael Wiedenkeller - Fred Berend 1:0

Stefan Maltezeanu - Christoph Klamp 0:1

3. Ronn:

Christoph Klamp - Michael Wiedenkeller remis

Fred Berend - Stefan Maltezeanu 0:1

Klassement:

1. Michael Wiedenkeller 2,0 P

2. Christoph Klamp 1,5 P

3. Stefan Maltezeanu1,5 P

4. Fred Berend 1,0 P

Back to Top
CIM LOGO