JPEEKersch: Spiller aus internationaler Sportswelt net méi ewechzedenken

RTL Lëtzebuerg
No 2 Joer Paus ass et e Méindeg erëm esouwäit. Déi nächst Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner fänkt a Montenegro un.

Magazin JPEE 1 / Reportage Lynn Kayser a Serge Olmo

1985 war déi éischt Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner a San Marino. Zanterhier gëtt dëst Sportsevenement am 2-Jores-Rythmus organiséiert. Matmaachen däerfen déi Länner an Europa, déi een onofhängegen Olympesche Comité hunn a manner wéi 1 Millioun Awunner: Andorra, Lëtzebuerg, Liechtenstein, Malta, Montenegro, Island, Monaco, San Marino an Zypern.

An de leschte Joren ass ëmmer nees driwwer diskutéiert ginn, ob d'Spiller vun de klenge Länner nach eng Zukunft hunn, virun allem och, well d'Participanten deels Schwieregkeeten hunn déi néideg Suen opzebréngen fir hiren Athleten ee Start kënnen ze erméiglechen. Fir de Lëtzebuerger Sportminister Dan Kersch hunn d'Spiller vun de klenge Länner nach ëmmer hir Dosinnsberechtegung a spillen eng wichteg Roll. Fir hie si se aus der internationaler Sportswelt net méi ewechzedenken.

Den Dan Kersch léisst et sech dann och net huelen fir bei senger Première als Sportminister dëst Joer a Montenegro live mat dobäi ze sinn. Hie freet sech scho Sportaarten ze gesinn, déi hie bis ewell nach net esou gutt kennt an awer och fir an d'Gespréich mat de Lëtzebuerg Sportler ze kommen a se besser kennenzeléieren.

Och bei de Sportler ass d'Virfreed op d'Spiller vun de klenge Länner all 2 Joer grouss. An och wann et keng Olympesch Spiller oder Weltmeeschterschafte sinn, ass et fir si eppes ganz Besonnesches, kënne mat dobäi ze sinn. D'Liichtathletin Charline Mathias freet sech, datt d'Delegatioun aus dem Grand-Duché esou grouss ass, een déi aner Sportler kenneléiert an datt ee sech géigesäiteg ufeieren an ënnerstëtze kann.

E weideren Aspekt, deen d'Spiller vun de klenge Länner ausmécht, ass deen, datt virun allem och déi jonk Sportler vun deene méi erfuerene kënne léieren, sou nach de Chef de Mission Alwin de Prins.

D'Spiller vun de klenge Länner fir d'éischte Kéier a Montenegro:

Et ass eng Première. Fir d'éischte Kéier sinn dëst Joer d'Spiller vun de klenge Länner a Montenegro. Zanter 2006 ass déi demokratesch Republik un der Adriaküst am Südoste vun Europa onofhängeg vu Serbien. Montenegro ass vun der Fläch hier ronn 6 Mol esou grouss wéi Lëtzebuerg a ronn 625.000 Leit liewen do. No der Onofhängegkeet 2006 huet et nach 3 Joer gedauert ier Montenegro an de Krees vun de Spiller vun de klenge Länner opgeholl ginn ass. 2011 a Liechtenstein waren d'Montenegriner eng éischte Kéier vertrueden an elo 2019 organiséiert een d'Spiller eng éischte Kéier.

Back to Top
CIM LOGO