Serie Sportler a Corona-Zäiten (12)Karate - Paus duerch Coronavirus fir déi eng gutt, fir déi aner manner

Tom Hoffmann
An eiser Serie iwwer Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Sport a wéi si mam Coronavirus ëmginn, hu mir och mam eise Lëtzebuerger Karatekaen geschwat.
Serie Sportler a Corona-Zäiten (12)
Karate - Paus duerch Coronavirus fir déi eng gutt, fir déi aner manner...

Virun engem Joer konnt sech d'Jenny Warling zu Guadalajara a Spuenien den Europameeschtertitel sécheren. D'Lëtzebuergerin hat awer keng Méiglechkeet dëst Joer hiren Titel bei der EM zu Baku ze verdeedegen, well dës Kompetitioun, wei vill aner och, duerch de Coronavirus annuléiert oder op e spéideren Datum verluecht goufen. Och d'Olympesch Spiller zu Tokio goufe jo op nächst Joer reportéiert an dowéinst mussen elo vill Sportler hire Kalenner ëmplangen. Esou och Karatekaen. Den Tom Hoffmann huet sech mat hinnen ënnerhalen an nogefrot, wéi Si dës forcéiert Paus iwwerstinn.

Keng Kompetitiounen, kee richtegen Training a keen normalen Austausch mam Trainer si Situatiounen, déi een als Sportler net kënnt. Ma den Ament gëtt et wéinst dem Covid-19 keng aner Méiglechkeet wei ofzewaarden, z'observéiere wei sech dat ganz entwéckelt an sech doheem fit ze halen.

Duerch d'Verleeë vun den olympesche Spiller muss de Programm vum Jenny Warling adaptéiert ginn. Déi aktuell Europameeschterin steet dowéinst, wéi aner Sportler och, an dësen Deeg a permanente Kontakt mam Trainerstaff.

Des forcéiert Paus huet fir d'Juniorweltmeeschterin Kimberly Nelting e positiven Impakt. Karateka vum KC Nideranven huet eng liicht Blessur um lénke Fous an huet elo Zäit dës Verletzung auszekuréieren.

Dem Kimberly Nelting kënnt entgéint, dass olympesch Spiller verluet goufen. Esou huet déi 19 Joer jonk Karateka d'Méiglechkeet sech op Premières Examen ze konzentréieren.

Och dem Jordan Neves säi Programm gouf duerch des sanitär Kris ferm op Kopp gehäit.

Wei och vill aner Sportaarte weess een och am Karate net, wéini ee d'Féiss endlech nees op den Tatami setze kann. Fir dëst awer nees esou séier wei méiglech kënnen ze maachen hunn Si nach e besonnesche Message.

D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay

Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d'Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d'Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d'Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d'Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D'Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren Zäiten

Back to Top
CIM LOGO