Opening Game NFLGrouss Rivalitéit, klenge Score: Packers klappe Bears

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg war et endlech esou wäit. D'Saison vum American Football ass ugelaf, datt mat engem Match, dee vill Versprach huet.
© AFP

Dortmund géint Schalke, Real Madrid géint FC Barcelona oder Green Bay Packers géint Chicaco Bears. Am Sport ginn et grouss Rivalitéiten a Veräiner, déi sech net wierklech gréng sinn.

A genau esou ee Match huet déi 100. Saison vun der National Football League lancéiert. D'Chicago Bears kruten et doheem mat de Green Bay Packers ze dinn. Et sollt e Match sinn, bei deem béid Defensen d'Iwwerhand haten. Chicago hat et direkt am éischte Véierel gepackt, fir mat engem Fieldgoal a Féierung ze goen, ma si sollte de Recht vum Match keng Punkte méi op d'Leinwand kréien. D'Packers hunn am zweete Véierel dunn duerch en Touchdown d'Féierung iwwerholl, éier si an de leschte 15 Minutten duerch e Fieldgoal op 10:3 erhéicht hunn, wat schlussendlech och d'Endresultat war.

Et war also e Match ouni vill spektakulär Offense-Aktiounen, ma mat vill Aarbecht fir béid Punter.

E Sonndeg da geet et mat der NFL weider. An do waarde mat Steelers géint Patriots a Rams géint Panther direkt zwee weider Spëtzematcher.

Back to Top
CIM LOGO