BundesligaGros vu Veräiner, dorënner Paderborn, fänken nees mam Training un

RTL Lëtzebuerg
Aktuell gëtt awer ënner strenge Reegelen an a klenge Gruppen trainéiert, esou de Laurent Jans vum SC Paderborn.
© RTL (Archiv)

Sou lues gëtt an der éischter Däitscher Futtball Bundesliga den Trainingsbetrib nees opgeholl! Dat gëllt zum Beispill och vun e Méindeg u fir den SC Paderborn, de Veräin vum Laurent Jans. Wéi eis de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp confirméiert huet, gëtt ënner strenge Reegelen a just a klenge Gruppen trainéiert. Den SCP huet dat alles mat der Landesregierung vu Nordrhein-Westfalen a mat der Stad Paderborn ofgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO