
Obwuel d'Véierelsfinall ausgeloust gouf, bleiwen nach 4 Matcher aus der Aachtelsfinall ze spillen, déi de 7. an 8. August solle gespillt ginn.:
Match 1: Man- City/Real - Juventus/Lyon
Match 2: Leipzig - Atlético Madrid
Match 3: Barcelona/Neapel - Bayern/Chelsea
Match 4: Atalanta - Paräis SG
Donieft goufen och d'Halleffinallen ausgeloust. Hei trëfft de Gewënner vum Match 1 op de Gewënner vum Match 3. An eben de Gewënner vum Match 2 op de Gewënner vum Match 4.
An der Finall, déi wuel den 23. August zu Lissabon gespillt gëtt, huet de Gewënner aus der zweeter Halleffinall d'Heemrecht.
Wéinst der Coronakris gëtt d'Champions League vun der Véierelsfinall un an engem Turnéier ausgedroen. Souwuel an der Véierelsfinall, wéi och an der Halleffinall gëtt keen Aller-Retour gespillt, ma de Gewënner vum Duell steet schonn nom éischte Match fest.