
Dat huet säi fréiere Veräin vu Sevilla e Samschdeg confirméiert.
Dee 35 Joer ale Reyes huet eng Kollisioun mat engem aneren Auto net iwwerlieft.
Fir d'lescht huet e beim spueneschen Zweetligist Extremadura gespillt.
De Reyes hat seng Karriär beim FC Sevilla ugefaangen a war am Joer 2004 fir 20 Milliounen Euro bei den FC Arsenal gewiesselt. Mat dem Londoner Club huet hien 2004 d'Premier League gewonnen an 2005 och den FA Cup.
Mat Real Madrid gouf de Reyes 2007 spuenesche Champion, weider Statiounen a senger Futtball-Karriär waren Atletico Madrid, Benfica Lissabon an Espanyol Barcelona.
Ausserdeem huet de Reyes 5 Mol d'Europa League gewonn, zweemol mat Atletico (2010, 2012) an dräimol mat Sevilla (2014, 2015, 2016).
Fir déi spuenesch Nationalekipp huet de Reyes an 21 Matcher 4 Goler geschoss.
