
Beim ITF-Tournoi zu Antalya an der Tierkei huet d'Eléonora Molinaro an de Véierelsfinallen an 3 Sätz mat 3:6 an zweemol 6:1 géint d'Tierkin Ilay Yoruk gewonnen.
D'Lëtzebuergerin, déi vum Tournoi op 1 gesat ass, kritt et e Samschdeg an der Halleffinall mat der Qualifikantin Ines Ibbou aus Algerien ze dinn.
Am Dubbel steet d'Molinaro iwwerdeems scho mat hirer Partnerin Yulia Kulikova an der Finall. Déi Lëtzebuerger-russesch Koppel huet um Freideg mat zweemol 4:6 géint de russeschen Duo Ekaterina Kazionova / Alexandra Pospelova gewonnen.
An der Finall kritt d'Molinaro an hir Partnerin et mat der tierkesch-amerikanescher Koppel Cemre Anil / Dasha Ivanova ze dinn.