
Beim ITF-Tennis-Tournoi zu Antalya an der Tierkei steet d'Eléonora Molinaro an der Finall. Hei kritt d'Lëtzebuergerin et e Sonndeg mam Ines Ibbou aus Algerien ze dinn.
Déi leschte Woch hat d'Molinaro bei engem aneren Tournoi zu Antalya d'Ibbou an den Halleffinallen eliminéiert.
Den ITF-Tournoi zu Antalya ass mat 15.000 US-Dollar dotéiert.