
An der Finall vun der LGEFA haten d'Steelers wéineg Problemer mat den Nopere vu Metz. 34:0 konnte sech d'Lëtzebuerger hei duerchsetzen an esou d'Divisioun fir sech entscheeden.

Mat dëser Victoire hu si sech och qualifizéiert, fir de Match ze spillen, mat deem een an D3, also déi 3 franséisch Divisioun, kann opsteigen. Do treffe si op de Gewënner vun der BFC , de Bourgogne-Franche-Comté,d'Bisons de Besançon.
Dëse Match ass de 16. Juni am Stade JF Kennedy zu Diddeleng.