Tour de France LIVE: Voiron > Orcières-MerletteDéi uechtzéngt Etapp vu 15:00 Auer un op der Tëlee, RTL.lu an um RTL Play

RTL Lëtzebuerg
Den TdF live bis e Sonndeg, de 26. Juli um 1. RTL, op RTL.lu, op der App an um RTL Play gëtt d'Course och am Livestream iwwerdroen.

D'Coureure sinn zeréck an de Bierger. Déi éischt vun dräi schwéieren Etappen an de Alpen féiert d'Coureuren iwwer insgesamt 3.800 Héichtemeter. No ronn 20 Kilometer fänkt d'Strooss u mat steigen. D'Strooss zur Côte d'Engins ass 11,4 Kilometer laang an huet am Schnëtt eng Pente vu 5,4 Prozent. D'Biergwäertung vun der 1. Kategorie läit no 36,7 Kilometer op 854 Meter Héicht. Duerno ass d'Kloterpartie awer nach net eriwwer. Fir d'Coureure geet et weider 15 Kilometer biergop, ier ee sech an enger Descente e bëssen erblose kann. Duerno waart nach e Bierg vun der 2. Kategorie an der zwee vun der 3. Kategorie op ë.a. de Mann a Giel Tadej Pogacar, ier et d'Schlussmontée eropzefueren gëllt. De finale Bierg (1. Kategorie) erop op Orcières-Merlette ass 7,1 Kilometer laang an ass am Schnëtt 6,7 Prozent géi.

18 Etapp - Den Expert Tom Flammang

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play.
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen

18. Etapp - Voiron > Orcières-Merlette, 185.2 km (Biergetapp)

Weider Infoe vun der 18. Etapp

Tour de France: Livestream Programm

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Donneschdeg, 23. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
18. Etapp - Biergetapp - Voiron > Orcières-Merlette, 185.2 km

Freideg, 24. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
19. Etapp - Biergetapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km

Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km

Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km

Back to Top
CIM LOGO