
Déi 15 Joer al amerikanesch Tennisspillerin gewënnt an dräi Sätz géint hir ungaresch Géignerin Timea Babos (6-2, 4-6 a 6-4).
De Samschdeg trëfft d'Cori Gauff op d'Naomi Osaka, aktuell un éischter Plaz am WTA-Raking mat 6606 Punkten. Déi japanesch Spillerin huet d'lescht Joer zu New York hiren éischte vun zwee Major-Titele gewonnen.
Wéi am éischten Tour huet och dës Kéier nees e grousse Public der Nowuessspillerin nogekuckt. Esouguer de fréieren NBA-Basketballspiller Kobe Bryant war sur place, fir d'Gauff ze ënnerstëtzen.