X-Terra TriathlonBelsch Yerray Luxem wënnt Première zu Rouspert

RTL Lëtzebuerg
Zu Rouspert goung e Sonndeg de Mëtteg och eng Première iwwert d'Bühn: en Triathlon, dee keen ass.
X-Terra Triathlon zu Rouspert
Zu Rouspert goung e Sonndeg de Mëtteg och eng Première iwwert d'Bühn: en Triathlon, dee keen ass.

De klassesche Vëlos-Parcours ass duerch e Mountainbike-Circuit ersat ginn an d'Lafen duerch en Trail.

Op den 1. Bléck hätt ee kéinte mengen, et géif een e Remake vum Rousperter Triathlon erliewen. Am Waasser ass praktesch alles d’selwecht, mat Ausnam, dass hei 400 a Plaz vun 200 Athleten am Asaz sinn an dovunner 40 Profien.

E Bléck an de Parc Fermé geet duer, fir sech dervunner ze iwwerzeegen, dass et sech ëm eng aner Triathlon-Disziplin handelt, déi een zu Lëtzebuerg nach net erlieft huet.

A Plaz vum Vëlo ginn hei 30 Kilometer mam Mountainbike zréckgeluecht. Beim Rousperter Stadhaus kënnen d'Spectateuren e ganz interessanten a spektakulären Deel vum Parcours erliewen, ënnert hinnen eng Dose Lëtzebuerger Hären an 2 Dammen.

Den Niveau ass héich mat den Europameeschter an der Europameeschterin an enger Abberzuel vu Championen aus hire respektive Länner. Den däitsche Meeschter Jens Rote vun Tréier hat de Parcours eng 50 Mol am Virfeld zréckgeluecht a louch bis zum leschte Kilometer vum Trail-Lafen nach un der Spëtzt, ier de Belsch Yerray Luxem virun him d’Première zu Lëtzebuerg gewënnt.

Den Europameeschter Arthur Serrièes aus Frankräich gëtt den 2. e Sonndeg. Bei den Damme gewënnt d’Europameeschterin Helena Karaskova aus Tschechien. D’Isabelle Klein gëtt 1. Lëtzebuerger Damm an 80. am Generalklassement.

Bei den Häre gëtt den Nicolas Toutsch beschte Lëtzebuerger. Eng absolut professionell Organisatioun an en héijen internationalen Niveau konnt een zu Rouspert erliewen.

Back to Top
CIM LOGO