
Holland 1:1 Däitschland
D'Hollänner an Däitschland hu sech zum Optakt mat 1:1 getrennt. De Felix Nmecha hat Däitschland a Féierung bruecht, éier de Cody Gakpo kuerz viru Schluss ausgeglach huet.
Serbien 1:2 Griicheland
Fir d'Serbe gouf et e spéide Schock géint Griicheland:. Den Andrija Zivkovic huet Serbien fréi a Féierung bruecht, de Christos Tzolis huet an der zweeter Hallschent ausgeglach. An der 5. Minutt vun der Nospillzäit huet den Anastasios Douvikas dunn den decisive Gol fir d'Griiche geschoss.
Norwegen 3:2 Dänemark
Norwegen huet sech an engem spannenden Duell mat 3:2 géint Dänemark duerchgesat. Den Erling Haaland huet zweemol getraff, dorënner den decisive Gol an der 74. Minutt.
Portugal 1:0 Wales
Portugal huet Wales knapps mat 1:0 geschloen. De João Félix huet an der 22. Minutt den eenzegen Treffer vum Match geschoss.
Éisträich 3:1 Israel
Éisträich an Israel hu sech mat 3:1 getrennt. De Romano Schmid huet d'Heemekipp an der 43. Minutt per Eelefmeter a Féierung bruecht, éier de Saied Abu Farchi an der 55. Minutt ausgeglach huet. Laang huet et ausgesinn, wéi wa béid Ekippe sech mat engem Gläichspill géifen trennen. Ma d'Éisträicher hu spéit fir d'Decisioun gesuergt. An der 90. Minutt huet de Mwene den 2:1 markéiert, éier de Kaladzic an der 93. Minutt den 3:1 markéiert huet.
Kosovo 1:0 Irland
De Kosovo huet Irland mat 1:0 geschloen. De Vedat Muriqi huet an der 83. Minutt de Gol fir d'Heemekipp geschoss.
Andorra 1:2 Malta
Malta huet de Match géint Andorra no Réckstand nach mat 2:1 gewonnen. De Teddy Teuma huet an der 81. Minutt fir den decisive Gol gesuergt.
Liechtenstein 0:2 Litauen
Litauen huet sech zu Vaduz mat 2:0 géint Liechtenstein duerchgesat. De Lukas Michelbrink an den Artur Dolznikov hunn déi zwee Goler geschoss.