JPEE: Schwammen31 Medailen an 2 national Rekorder fir d'Lëtzebuerger Schwëmmer

RTL Lëtzebuerg
De Raphaël Stacchiotti war deen erfollegräichste Schwëmmer mat 8 Mol Gold an 2 Mol Sëlwer.
VIDEO: JPEE: Schwëmmer gewannen 31 Medailen
De Raphaël Stacchiotti huet der eleng 8 aus Gold gewonnen an 1 aus Sëlwer.

Bilan Schwammen / Reportage Lynn Kayser

De Raphaël Stacchiotti huet en Donneschdeg 2 Goldmedaile gewonnen. Iwwer 50 Meter Réck krut hie mat 26 Sekonnen an 33 Honnertstel Gold. Dës Zäit bedeit och eng nei Perséinlech Beschtzäit fir de Schwëmmer vun Ettelbréck. Eng weider Goldmedail gouf et iwwer 400 Meter 4 Nages. No 4 Minutten 24 Sekonnen an 33 Honnertstel ass d'Auer stoe bliwwen, dat ware knapp 6 Sekonne méi séier wéi deen Zweeten. An zum Schluss huet hie mat der 4x100 Meter 4 Nages Staffel (Brandenburger, Henx, Fabiani) Sëlwer gewonnen.

De Julien Henx war zäitgläich mam Omiros Zakgas aus Zypern iwwer 50 Meter Crawl de Séiersten. Si hunn no 23 Sekonnen a 14 Honnertstel ugeschloen a kruten Allenzwee Gold. Fir de Julien Henx ass iwwer 50 Meter Papillon eng weider Goldmedail dobäi komm. Hien huet no 24 Sekonnen an 30 Honnertstel ugeschloen a war 31 Honnertstel méi séier wéi deen Zweeten.

De Pit Brandenburger huet sech och iwwer 200 Meter Crawl d'Goldmedail geséchert, dat no Gold iwwer 1500 Meter a 400 Meter.

De jonke Joao Corneiro huet sech iwwert 400 Meter 4 Nages Bronz geséchert.

Fir d'Sarah Rolko gouf et en Donneschdeg eng weider Sëlwermedail iwwer 50 Meter Réck. D'Auer ass no 30 Sekonnen an 22 Honnertstel stoe bliwwen. Gewonne gouf d'Course vun der Islännerin Eyglo Gustafsdottir mat 29 Sekonnen a 46 Honnertstel.

D'Sarah Rolko huet iwwer 50, 100 an 200 Meter Réck dräi Mol Sëlwer gewonnen.

Déi zweete Plaz war et fir d'Monique Olivier iwwer 200 Meter Crawl.

Fir d'Damme (Rolko, Peters, Albers, Olivier) gouf et zum Schluss Bronz iwwer 4x100 Meter 4 Nages.

De Medaile-Bilan vun de Schwëmmer

1. Dag - 11 Medailen: 5 Gold, 4 Sëlwer, 2 Bronz

2. Dag - 10 Medailen: 5 Gold, 4 Sëlwer, 1 Bronz

3. Dag - 10 Medailen: 5 Gold, 3 Sëlwer, 2 Bronz

Erfollegräichste Sportler ass de Raphaël Stacchiotti mat 8 Goldmedailen an enger Sëlwermedail. Den erfollegräichste Sportler vun allen Zäit bei de Spiller vun de klenge Länner kënnt elo op 40 Goldmedailen.

Back to Top
CIM LOGO