US-Open19 vs 37 Joer: Andreescu trëfft an der Finall op Williams

RTL Lëtzebuerg
Fir déi 19 Joer jonk Kanadierin ass et déi éischte Finall vun engem Grand-Slam. Hir Géignerin dogéint kéint de 24. Grand-Slam-Titel feieren.
© AFP

Bei den US Open am Tennis stinn elo d'Finalistinne fest. Déi 19-Joer-al Kanadierin Bianca Andreescu konnt sech géint d'Belinda Bencic aus der Schwäiz mat 7:6 a 7:5 duerchsetzen. Domat steet si elo fir d'éischte Kéier an der Finall vun engem Grand-Slam-Turnéier.

Fir d'Topfavoritin Serena Williams aus den USA ass et schonn déi zéngte Kéier eleng an der d'Finall zu New York. An der Halleffinall gewënnt si an zwee Sätz (6:3 a 6:1) géint d'Jelina Switolina aus der Ukrain. Domat kéint d'Serena Williams an der Finall e Samschdeg hire 24. Grand-Slam-Titel feieren.

Back to Top
CIM LOGO