
En Dënschdeg um 1. Dag vun de Spiller vun de klenge Länner a Montenegro hunn d'Sportler an d'Sportlerinnen aus dem Grand-Duché 16 Medaile gesammelt. Dovunner waren der 5 aus Gold, der 6 aus Sëlwer an der 5 aus Bronz.
Am Schwammen an am Judo goufen um Dënschdeg Medaile verdeelt.
De Julien Henx huet fir Lëtzebuerg déi éischt Goldmedail bei dëse Spiller gewonnen.
Da Magazin vun de Spiller vun de klenge Länner um Radio: Mat ë.a. Reaktioune vun de Sportler an dem Touristeguide Edin Skenderovic.
Net einfach ass et den Ament fir d'Lëtzebuerger Judokaen. Am Eenzel ass zanter 2001 eng éischte Kéier keng Goldmedail erausgesprongen.
D'Kim Eiden huet an der Kategorie bis 52 Kilogramm Sëlwer gewonnen.
Bei den Häre war an der Gewiichtsklass bis 73 Kilogramm de Claudio Dos Santos an der Finall. Och hie krut Sëlwer.
D'Monique Kedinger stoung an der Kategorie bis 70 Kilogramm als Drëtt um Podium.
An der Kategorie bis 66 Kilogramm bei den Hären huet sech den Tom Schmit Bronz geséchert.
Den Denis Barboni huet an der Kategorie bis 90 Kilogramm och déi 3. Plaz realiséiert.

De Julien Henx huet bei den 18. Spiller vun de klenge Länner déi éischt Goldmedail fir d'Team Lëtzebuerg gewonnen. Iwwer 100 Meter Crawl war hien dee Séiersten.
De Pit Brandenburger huet sech iwwer 1500 Meter Crawl behaapt an dobäi de Lëtzebuerger Rekord vum Raphaël Stacchiotti ëm iwwer 20 Sekonne verbessert. Iwwer 100 Meter Crawl gouf hien deen Drëtten.
De Raphaël Stacchiotti huet och iwwerzeegt. Fir hie gouf et iwwer 200 Meter 4 Nages an 200 Meter Réck Gold.
Fir de Rémi Fabani gouf et Sëlwer iwwer 200 Meter Réck.
Iwwer 200 Meter Papillon huet de Joao Carneiro als Zweeten ugeschloen.
Iwwer 200 Meter Papillon huet sech d'Monique Olivier Sëlwer geséchert. Bronz war fir d'Lena Peters.
Fir d'Sarah Rolko gouf et iwwer 200 Meter Réck Sëlwer.
Fir dee gëllenen Ofschloss huet d'4x-100-Meter-Crawl-Staffel mam Raphaël Stacchiotti, dem Pit Brandenburger, dem jonke Bob Sauber an dem Julien Henx gesuergt.
Am Basket hunn d'Lëtzebuerger Hären den Exploit fäerdeg bruecht, fir géint Island ze gewannen. An engem spannende Match huet ee sech mat 77:67 duerchgesat. Eng Victoire géint Island gouf et laang Zäit net méi.

