JPEE: Bilan 2. Dag10 Mol Gold, 8 Mol Sëlwer an 2 Mol Bronz

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goufen et am Schwammen, am Dëschtennis an der Liichtathletik an am Petanque Medailen.

Et war een erfollegräiche Mëttwoch fir d'Lëtzebuerger Delegatioun bei de Spiller vun de klenge Länner.

Nieft 20 Medaile goufen et och nach zwee nei Lëtzebuerger Rekorder an dat am Schwammen.

D'Lëtzebuerger Delegatioun bleift am Medaile-Spigel op der éischter Plaz, dat mat 8 Goldmedaile méi wéi Zypern.

De Journal vun de Spiller vun de klenge Länner op der Tëlee:

VIDEO: JPEE: 10 Mol Gold, 8 Mol Sëlwer an 3 Mol Bronz um 2. Dag
Um zweeten Dag vun de Spiller vun de klenge Länner gouf et fir d'Lëtzebuerg nees vill Medailen ënnert anerem am Dëschtennis an an der Liichtathletik.

JPEE 2. Dag / Reportage Lynn Kayser

Da Magazin vun de Spiller vun de klenge Länner um Radio: Mat ë.a. Reaktioune vun de Sportler an dem Touristeguide Edin Skenderovic.

Magazin JPEE 4/ Reportage Lynn Kayser a Serge Olmo

Schwammen

Bei de Schwëmmer gouf et um 2. Dag vun de Kompeitiounen net manner wéi 10 Medailen.

Am Erfollegräichste war um Mëttwoch de Raphaël Stacchiotti. Hien huet iwwer 100 Meter Réck, 100 Meter Papillon a mat der 4 Mol 200 Meter Crawl-Staffel Gold gewonnen. De Schwëmmer vun Ettelbréck huet elo schonn a senger Karriär 38 Goldmedaile bei de Spiller vun de klenge Länner gesammelt. Hie war scho viru Montenegro den erfollegräichste Sportler vun allen Zäiten.

Fir de Pit Brandenburger gouf et och Gold an der Staffel an dann nach iwwer 400 Meter Crawl. Hei huet hien och säi Lëtzebuerger Rekord ëm 3 Honnertstel verbessert.

De jonke Jacques Schmitz huet als Drëtten iwwert d'400 Meter Crawl ugeschloen.

Bei den Dammen huet d'Monique Olivier Sëlwer gewonnen.

Iwwer 100 Meter Réck huet d'Sarah Rolko eng weider Sëlwermedail gewonnen.

Fir d'Lena Peters gouf et eng Sëlwermedail iwwer 100 Meter Papillon.

Fir de Julien Henx war et Sëlwer iwwer 100 Meter Papillon.

An der 4x200-Meter Crawl-Staffel gouf et esouwuel fir d'Lëtzebuerger Dammen (Olivier, Banky, Peters, Jominet), wéi och fir d'Lëtzebuerger Hären (Fabiani, Schmitz, Brandenburger a Stacchiotti) Gold. D'Dammen hunn och een neie Lëtzebuerger Rekord realiséiert an deen alen ëm 6 Sekonnen a 4 Honnertstel verbessert.

VIDEO: JPEE: Schwëmmer gewannen 31 Medailen
De Raphaël Stacchiotti huet der eleng 8 aus Gold gewonnen an 1 aus Sëlwer.

Liichtathletik

D'FLA ass mam Zil 20 Medailen ze gewannen e Mëttwoch an d'Liichtathletik-Kompetitioune gestart. 5 sollen der Um Enn gëlle sinn.

Um 1. Dag gouf et schonn emol 3 Goldmedailen. De Bob Bertemes war am Bommstoussen de Beschten, d'Charline Mathias iwwer 800 Meter an d'Noémie Pleimling mam Speer.

Donieft war et nach Sëlwer fir d'Vera Hoffmann iwwer 800 Meter.

Am Wäitsprong war et bis zum Schluss extrem spannend. Hei huet de François Grailet Gold ëm 1 Zentimeter verpasst a Sëlwer gewonnen.

Iwwer 100 Meter konnt sech d'Anaïs Bauer als Drëtt freeën.

Am Stafhéichsprong war et nach d'Éiereplaz fir d'Silvia Amabilino.

Iwwer 5000 Meter konnt de Pol Mellina seng Sëlwermedail net verdeedegen. Hie gëtt de 7.

Grouss war um Mëttwoch d'Enttäuschung beim Elodie Tshilumba. Am Héichsprong huet si sech blesséiert an doduerch eng Medail verpasst.

Dëschtennis

Bei den Dammen hu sech d'Danielle Konsbruck, d'Tessy Gonderinger an d'Eglé Tamasauskaite an der Finall mat 3:0 géint San Marino duerchgesat a Gold gewonnen.

D'Lëtzebuerger Hären Gilles Michely, Eric Glod an Traian Ciociu haten an der Finall keng Chance géint Zypern. Si hu mat 0:3 verluer a krute Sëlwer.

Petanque

Gëlle war de Mëttwoch och fir d'Petanque-Hären Claudio Contardi a Massimo Santioni.

De Medaile-Spigel

© Screenshot

Flott Andréck

Back to Top
CIM LOGO