
Den HB Diddeleng huet e Samschdeg den Owend an der éischter Ronn vum EHF European Cup den Allersmatch géint PAOK aus Griicheland mat 28:33 verluer. An der Paus louch ee virun den eegene Spectateure mat 12:16 hannen.
De Retourmatch ass e Sonndeg den Owend um 19 Auer. Gespillt gëtt nees zu Diddeleng.
Den HB Diddeleng an hiren Trainer Dusko Bilanovic gleewen nach drun, trotz ville blesséierte Spiller géint déi griichesch Ekipp d'Kéier ze kréien.
"Fënnef Goler si vläicht méiglech, mir mussen et einfach besser maache wéi haut [Samschdeg], mir mussen e bësse Gas ginn, mir däerfen eis net erlaben, wéi an der éischter Halbzeit, datt mir eng Phas hu wou mir 7 Minutten hunn, wou mir kee Gol schéissen. Mir hunn natierlech vill blesséiert Spiller awer dat war haut [Samschdeg] nëmmen déi éischt Halbzeit."
E Sonndeg start och Bierchem an den EHF European Cup. Am Allersmatch kritt een et vun 19 Auer un a Montenegro mat Sutjeska ze dinn. De Retourmatch ass den 19. September um 18 Auer an der Hal zu Crauthem.
Esch ass den nächste Weekend an der éischter Ronn géint Tikves gefuerdert. D'Partië ginn e Samschdeg an e Sonndeg an Nordmazedonien gespillt.