Den Iwwerbléck vum internationale FuttballPSG klappt Le Mans, Barcelona an Inter Mailand weider ongeschloen

RTL Lëtzebuerg
Manchester United a Tottenham deele sech beim 1:1 d'Punkten. Real Madrid gewënnt mat 1:0 géint Villarreal.
PSG's French forward #14 Desire Doue unsuccessfully takes a penalty during the French L1 football match between Paris Saint-Germain (PSG) and Le Mans FC at the Parc des Princes stadium in Paris on October 10, 2026. (Photo by FRANCK FIFE / AFP)
Inter Mailand huet des Saison nach kee Match verluer. No 6 Matcher steet e bei 5 Victoiren an 1 Gläichspill.
© AFP

An der Bundesliga huet Bayern München Punkten zu Augsburg leie gelooss. Domat bleift de BVB Leader an der Tabell.

An eiser Rubrik Lëtzebuerger Futtballer am Ausland fannt dir all relevant Resultater vun eise Roude Léiwen am Ausland.

Premier League

FC Arsenal - Leeds United 2:1
0:1 Justin (55'), 1:1 Calafiori (62'), 2:1 Bruno Guimaraes (70')

No enger couragéierter éischter Hallschent vun de Gäscht hätte si mat e bësse méi Reussite virum Gol mat enger Féierung an d'Paus kéinte goen. Leeds hat an deenen éischte 45 Minutten e Chanceplus géigeniwwer der Lokalekipp, eenzeg de Gol huet gefeelt. Arsenal wosst mat hirem Ballbesëtz net vill unzefänken, dat well Leeds och an der Defense eng kompakt a konzentréiert Leeschtung gewisen huet. Net onverdéngt ass een dunn an der 55. Minutt duerch de James Justin mat 1:0 a Féierung gaangen. D'Féierung sollt awer net vu laanger Dauer sinn. 7 Minutte méi spéit sollt de Riccardo Calafiori aus kuerzer Distanz den Ausgläich fir d'Gunners markéieren. Mat engem dräifache Wiessel huet de Mikel Arteta der Lokalekipp frësche Wand ginn. Den agewiesselten Bruno Guimaraes huet de Match dunn an der 70. Minutt mat engem Schoss aus ronn 15 Meter fir Arsenal entscheet.

AFC Sunderland - Brighton 0:2
0:1 De Cuyper (53'), 0:2 Hadjam (90+3')

An engem ausgeglachenem Match ka sech Brighton duerch Goler vum De Cuyper a Hadjam zu Sunderland duerchsetzen. Virun allem no der Rouder Kaart géint de Struijk an der 57. Minutt op Säiten vu Brighton ass de Match nach emol méi hektesch ginn, e Gol sollt Sunderland awer net geléngen, sou dass de Hadjam an der Nospillzäit fir d'Schlussresultat gesuergt huet.

Aston Villa - FC Brentford 2:2
0:1 Yarmolyuk (10'), 1:1 Jackson (12'), 2:1 McGinn (77'), 2:2 Ajer (79')

FC Chelsea - AFC Bournemouth 5:1
1:0 Henderson (2'), 2:0 Rogers (3'), 3:0 Joao Pedro (46'), 3:1 Evanilson (51'), 4:1 Joa Pedro (67'), 5:1 Henderson (70')

Chelsea war vun Ufank un dominant a huet de Grondstee fir déi 3 Punkten an deenen éischte Minutte geluecht. Bournemouth hat iwwert de ganze Match keng Chance a verléiert och an der Héischt verdéngt mat 1:5. An der Tabell läit d'Ekipp vum Marco Rose op der 17. Plaz iwwerdeems Chelsea e Sprong no uewe mécht.

Manchester United - Tottenham Hotspur 1:1
1:0 Mbeumo (73'), 1:1 Solanke (90+2')

Tottenham huet an Ënnerzuel an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit den Ausgläich a Persoun vum Solanke markéiert. Béid Ekippen hëlleft dëse Punkt awer net vill weider. D'Spurs hunn elo 3 Punkten um Konto iwwerdeems Manchester United mat 6 Punkten am Mëttelfeld vun der Tabell steet.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Inter Mailand - Parma Calcio 3:0
1:0 Sucic (13'), 2:0 Calhanoglu (18'), 3:0 Thuram (31')

SSC Neapel - Frosinone Calcio 2:0
1:0 De Bruyne (29'), 2:0 Lang (32')

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

FC Lorient - FC Paris 1:0
1:0 Bernardeau (68')

PSG - Le Mans 3:1
1:0 Beraldo (19'), 1:1 Mafouta (54'), 2:1 Kvaratskhelia (61'), 3:1 Akliouche (68')

AS Monaco - FC Toulouse 2:2
1:0 Diop (29'), 2:0 Abline (38'), 2:1 Tengstedt (48'), 2:2 Oppong (59')

Réckschlag fir den AS Monaco. Et huet een an dëser Saison wuel nach kee Match verluer, an awer huet een um spéide Samschdeg Owend 2 Punkte léie gelooss. No der 2:0 Pauseféierung huet een am zweeten Duerchgang vun Toulouse 2 Goler kasséiert, wat um Enn een 2:2 gläich bedeit. Well de PSG gläichzäiteg géint Le Mans a Lorient géint den FC Paris gewonnen huet, trennen déi éischt 6 an der Tabell elo just 4 Punkten. Sou enk war et an der Ligue 1 scho laang net méi.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Deportivo Alaves - Atlético Madrid 1:2
0:1 Grimaldo (33'), 1:1 Boye (45+6'), 1:2 Romero (87')

Atlético Madrid louch duerch de Grimaldo a Féierung, éier de Boyé d'Lokalekipp an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent nees zeréck an de Match bruecht huet. Nom Perez senger Rouder Kaart ass et fir Alaves immens schwéier ginn an den Drock vum Diego Simeone senger Ekipp ass ëmmer méi grouss ginn. An der 87. Minutt huet de Romero per Kapp de Match entscheet. Atlético steet mat 19 Punkten op der 2. Plaz.

FC Barcelona - FC Getafe 3:0
1:0 Gordon (2'), 2:0 Gabriel Jesus (30'), 3:0 Kounde (73')

Barcelona léisst och géint Getafe näischt ubrennen a gewënnt souverän mat 3:0. No 8 Spilldeeg huet d'Ekipp vum Hansi Flick also weider eng wäiss West, dat mat 8 Victoiren aus 8 Matcher. Domat bleift een an der Tabell mat 5 Punkte Virsprong virun Atlético.

Real Madrid - FC Villarreal 1:0
1:0 Diomande (62')

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO