Um Sonndeg huet sech de Champion Etzella Ettelbréck däitlech mat 104:60 géint de Racing Lëtzebuerg duerchgesat.
Méi spannend war de Süd-Derby tëschent dem Opsteiger Zolwer an dem Basket Esch bei deem och d'Stëmmung op der Tribün éischtklasseg war. D'Lokalekipp konnt sech kuerz viru Schluss zeréck an d'Partie kämpfen, de Clancy Rugg huet allerdéngs ronn 40 Sekonne viru Schluss seng Ekipp mat engem wichtegen Dräier a Féierung bruecht. Net manner wei 14 mol huet Esch aus der Distanz getraff an dësem Match, den Jordan Hicks koum op 29 Punkten bei der 97:93 Victoire vun de Gäscht.
D'Amicale Steesel setzt sech doheem mat 95:91 géint d'Sparta Bartreng duerch. Allerdéngs huet d'Lokalekipp an de leschte Sekonne bal eng grouss Féierung nach verspillt. Bartreng hat no 8 Punkte Réckstand ronn 2 Minutte viru Schluss nach d'Méiglechkeet, a Féierung ze goen, huet dës Aktioun allerdéngs net genotzt. Mat 30 Punkten huet de Conley Phipps bei Steesel der Partie säi Stempel opgedréckt, de Maid Adrovic koum op 17 Punkte fir d'Lokalekipp.
Ganz spannend war d'Partie tëschent de Musel Pikes an dem T71 Diddeleng. No Verlängerung setzt sech d'Lokalekipp 82:77 duerch. 28 Punkte goungen op de Kont vum Julian Hammond, de Johan Bouttet konnt mat wichtege Punkten zum Schluss iwwerzeegen.
D'Arantia Fiels setzt sech kloer mat 99:64 géint d'Kordall Steelers duerch. Mat engem staarken drëtte Véierel (31:9) huet d'Lokalekipp sech ofgesat. Den Edson De Sousa huet mat 26 Punkten iwwerzeegt bei der Lokalekipp.
D'Résidence Walfer wënnt däitlech mat 85:61 géint de Gréngewald Hueschtert, dat nodeems d'Lokalekipp déi zweet Hallschecht dominéiert huet. Den Demarkus Stuckey koum op 26 Punkten fir Walfer.
________________________________________________
Bei den Damme gouf de kompletten zweete Spilldag um Samschdeg gespillt. De Champion T71 Diddeleng setzt sech an eegener Hal mat 91:72 géint den Opsteiger Gréngewald Hueschtert duerch. Dobäi huet d'Lokalekipp sech mat engem 20:0-Laf direkt no der Paus entscheedend ofgesat. D'Lauren Van Kleunen konnt 25 Punkte fir Diddeleng markéieren, d'Catherine Mreches huet 21 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
D'Musel Pikes si mat zwou Victoiren an d'Saison gestart. Doheem konnt d'Ekipp vun der Musel sech mat 74:64 géint den AB Contern duerchsetzen. Op en Neits war d'Nationalspillerin Magaly Meynadier net ze stoppen. Si konnt niewent 20 Punkten och 13 Rebounds, 5 Assists a 4 Steals notéieren.
Eng enk Partie gouf et zu Steesel, wou d'Gäscht vum Basket Esch sech mat 82:77 behaapt hunn. Fënnef Spillerinne vun de Gäscht hunn zweestelleg Punkte markéiert. D'Joy Baum hat um Enn 20 Punkten um perséinleche Kont.