Op de Punkt gewierztKräizkümmel - De Geroch vum Orient

Michèle Schons
Zanter Dausende vu Jore gëtt Kräizkümmel geschat - als Gewierz, als Heelmëttel an als festen Deel vu ville Kulturen.
© pixabay

Kräizkümmel - De Geroch vum Orient

An eiser Gewierz-Serie geet et haut ëm e klenge Som mat engem immens staarke Charakter: de Kräizkümmel. Vill Leit verwiessele Kräizkümmel mam gewéinleche Kümmel, mee geschmaachlech leien do Welten tëscht. De Kräizkümmel kënnt vun der Planz Cuminum cyminum a gëtt zanter méi wéi 4.000 Joer benotzt. Besonnesch wichteg ass en an der indescher an arabescher Kichen. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:

Mir hunn e ganz vill och an der tierkescher Kichen, beim Börek zum Beispill, dat ass en typesche Plat, dee mat Kräizkümmel gemaach gëtt. Dann ass de Kräizkümmel awer och an der mexikanescher Tex-Mex Kichen doheem, kennt ee vill aus de Salsa’en, do ass en e ganz feste Bestanddeel. De klassesche Kümmel ass éischter an eise Géigenden doheem, Kümmel a Schwéngefleesch sinn zwee bescht Kolleegen, zum Beispill bei der Grillwurscht an dee gëtt och ganz vill verwent an der tschechescher, slowakescher a russescher Kichen.

Dem Kräizkümmel seng Originne leien am Mëttleren Osten an an Nordafrika, haut gëtt en awer ronderëm d’Welt benotzt. En ass Bestanddeel vu ville Gewierzmëschungen, wéi zum Beispill Garam Masala oder Curry. Wéi wierze mer dann am beschten?

Kräizkümmel muss een ëmmer kuerz mam Mörser ustampfen, e muss onbedéngt mat ugeréischtert ginn, e muss Hëtzt ausgesat sinn, ouni elo ze vill ze kréien, fir säi Goût kënnen z’entfalen an en ass dann effektiv an der Geméiskichen doheem, en ass mat Schofsfleesch doheem, do verdréit en sech ganz gutt. Also et ass effektiv erëm ee vun deene Gewierzer déi een net gesäit, wou een awer direkt mierkt dass en dran ass.

An der traditioneller Medezin gëtt en zanter Joerdausende geschat a gëtt agesat fir d’Verdauung ze ënnerstëtzen. Hie kann de Mo berouegen. Als Deel vun enger equilibréierter Ernärung ass en absolut wäertvoll.

Humus, Jughurt... also wa mer wëllen an déi gesond Kichen eragoen, deem ganzen e bësse Pepp ginn, et ass e Gewierz wat een net gesäit, wou een awer mierkt dass et derbäi ass, do muss een sech e bësse Gedanke maachen. Well dat sinn déi Gewierzer, déi ënnerstëtzen e komplette Plat, dat ass kee Gewierz “himself” wou elo eleng de Plat mécht, mee dat ass eppes, dat gëtt een derbäi.

Kräizkümmel ass also wéi e Bass an der Musek. Eleng héiers de en net ëmmer eraus, mee wann en feelt, da mierks de direkt, datt eppes net stëmmt.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO