Virun allem eis däitsch Noperen zitt et däitlech manner heihinner.
Zanter dem 18. Mee huet de Luxembourg City Tourist Office seng Dieren erëm opgemaach. Ma och si hu missen hire Betrib e bëssen ëmännere, fir sech un déi nei Corona-Mesuren unzepassen, ewéi den Direkter vum LCTO Tom Bellion erkläert.
"Eis lescht Upassung ass elo déi mam neie Covid-Gesetz, dass mir d'Gruppenzuel reduzéiert hunn, dat heescht, mir maachen nach Visite guidéeë mat zéng Leit. Néng Visiteure plus ee Guide, wat de Virdeel huet ganz kloer fir de Client, dass e vill méi no an direkt betreit gëtt, dat heescht, qualitativ kënne mir eis do verbesseren."
D'Zuel vun dëse Visite-guidéeën ass an der Tëschenzäit awer staark erofgaangen. Den Direkter vum LCTO erkläert, dass am Normalfall ëm dës Zäit eng 50 bis 80 Visite-guidéeën den Dag organiséiert ginn. Ma am Moment kënnt een nach op knapp 16 bis 18 Visitten den Dag. Déi nei Restriktiounen an déi geréng Clientèle hunn awer net nëmmen Nodeeler.
"Dann natierlech d'Tour guidéeën an do hu mir jo d'Stäerkt als LCTO, mir hunn 170 Guiden, déi a 25 Sprooche kënnen ënnerwee sinn an eis Stäerkt ass elo nach méi wéi soss, dass mir ganz individualiséiert Visites guidéeë kënne proposéieren a souguer villäicht a Quartieren, déi de Lëtzebuerger och net sou kennt an ech mengen, do ass vill ze entdecken elo am Laf vum Summer."

Virun allem déi däitsch Clientèle hätt zanter enger Woch staark ofgeholl. D'selwecht bei de belschen Noperen. Bei den Hollänner hätt een an deene leschten Deeg éischter de Contraire bemierkt. Fir ee genaue Bilan ze zéien, wier et awer nach ze fréi, esou den Direkter vum LCTO.
Et kéint ee mengen, dass zanterdeem mir vu verschiddenen Nopeschlänner als Risikogebitt agestuuft gi sinn, d'Leit Angscht hätten, fir bei eis Vakanz ze maachen. Mir sinn nofroe gaangen, wéi den Androck vun den Touristen ass.
"Au niveau covid, on pensait avoir beaucoup plus de touristes, c'est vrai qu'il n'y a pas beaucoup de monde dans les rues, mais c'est plutôt bien. Comme ca on peut vraiment profiter des paysages et prendre de belles photos."

Anerer hunn erzielt, dass se sech sécher zu Lëtzebuerg fillen a fannen, dass sech d'Leit hei ganz gutt géifen un d'Sécherheetsmoossnamen halen an d'Situatioun vill besser wéi an hirem Heemechtsland wier. E weideren erzielt, dass zu Lëtzebuerg méi Restriktioune wiere wéi a senger Heemecht. Wéi vill Touristen dëse Summer de Wee op Lëtzebuerg fannen, ass nach onkloer. Wat awer scho feststeet, ass, dass et der däitlech manner wäerte si wéi déi Jore virdrun.
