Als Mannerjäregen am PrisongWéinst Coups et blessures volontaires vu Gardiene viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
Um Stater Geriicht krut en Donneschdeg de Moien e jonke Mann de Prozess gemaach wéinst virun allem Kierperverletzung.
© AFP Archivbild

Speziell un dësem Fall war, dass de Beschëllegten nach keng 18 Joer huet, zanter Januar awer als Mannerjäregen zu Schraasseg am Prisong sëtzt.

Viru 6 Méint war dozou e Communiqué vun der Justiz komm, an deem vun enger aussergewéinlecher Mesure Rieds war, déi awer onëmgänglech gewiescht wär. Zu Dräibuer, wou de Jugendleche vu 17 Joer - virum Januar - 13 Méint laang war, wär d'Situatioun onhaltbar ginn, soudass virun engem hallwe Joer d'Decisioun geholl gouf, fir hien op Schraasseg ze bréngen.

Mannerjärege viru Geiicht / Reportage vum Eric Ewald

Am Schreiwes vun der Justiz hat et nach geheescht, dass de Mineur zanter 2014 a verschidden Institutiounen am In- an Ausland placéiert gi wär, trotz enger intensiver Prise en charge hätt et awer e staarke Réckschrëtt a sengem Verhale ginn an hätt de Jugendlechen ëmmer méi op Gewalt zréckgegraff. Well et hei am Land keng adaptéiert Struktur fir hie géif ginn an d'Sich am Ausland och ouni Resultat bliwwe wär, hätt een d'Iwwerganksléisung Prisong zréckbehalen, bis eng Institutioun an der Friemt fonnt wär.

En Donneschdeg de Moien hat sech de jonke Mann wéinst Coups et blessures volontaires géintiwwer Gardienen an dem Responsabele vun Dräibuer ze veräntweren, dat am Zäitraum vu Juli bis November zejoert. De Responsabel vun der Unisec sot, ganz am Ufank wär et gutt gaangen, ma dem Jugendleche seng Gruppefäegkeet hätt sech awer séier als schwiereg erausgestallt, wouropshin am Februar d'lescht Joer decidéiert gouf, hien individuell ze betreien. Zu den Iwwergrëffer wär et absënns komm, wann de Mannerjäregen Nee gesot krut.

An 13 Méint wär een zesummen net ganz wäit komm. De Jonken hätt e gudde Kär, wär awer e Gefaangene vu sech selwer. Wa keng Asiicht kéim, da géif et schwéier ginn, sou de Responsabel.

De Jonke selwer huet dem President vum Geriicht en Donneschdeg de Moien un de Kapp gehäit, dass dee säi Mond hale sollt, sech mam Polizist ugeluecht, dee fir d'Uerdnung am Sall zoustänneg ass, an no enger Zäitche gemengt, hie wéilt zréck a seng Zell. D'Me Laura May, Affekotin vum jonke Mann, huet betount, dass et zanter dem Placement zu Schraasseg manner Incidente ginn hätt an huet Aarbechten am Déngscht vun der Allgemengheet gefrot, well de Prisong net déi bescht Plaz fir hire Client wär. Wougéint d'Vertriederin vum Parquet ervirgestrach huet, dass de Jonken engem Expert no eng Gefor duerstellt an dofir zu enger Prisongsstrof sollt verurteelt ginn, wouvun en Deel fest an deen aneren un d'Oplo geknäppt sollt sinn, fir sech psychiatresch behandelen ze loossen.

D'Urteel ass fir den 30. Juli.

RTL-NEWS: 17 Joer ale Bouf muss wéinst extrem aggressivem Verhale op Schraasseg

Back to Top
CIM LOGO