
Zënter Méint schonn ass bei de Gewerkschaften eng grouss Opreegung wéinst der Fermeture vun der Crèche vun der Europäescher Investitiounsbank. Dat virop, fir d'Aarbechtsplaze retten ze kënnen.
D'Gewerkschafte sinn net frou, datt d'Crèche zoumécht an dem Personal seng 25 Aktivitéitsjoren net honoréiert géife ginn. De Sozialplang gouf e Freideg fir déi 44 Employéen ënnerschriwwen. Doranner geet et ëm den Ajustement vun de Preretraiten an d'Hëllef, fir eng nei Aarbecht ze fannen.
D'Crèche huet eng Kapazitéit fir 100 Kanner an 150 Kanner stinn op der Waardelëscht. D'Salariée waren iwwer d'Eltere gewuer ginn, datt d'Crèche zougeet.