
Wien dëst Joer an d'Summervakanz fuere wëll, muss wéinst der Corona-Kris virun allem oppassen, wou een hifiert a wéi eng Restriktiounen an de verschiddenen EU-Länner gëllen. D'Reesbüroe mierken, datt dëst zu enger Onsécherheet bei de Clientë féiert. Well sech d’Situatioun all Woch ännert, probéiert een dowéinst, d'Leit esou gutt ewéi méiglech iwwert hir Rees z'informéieren.
Destinatiounen ewéi Spuenien, Italien, Portugal a Griicheland sinn dëse Summer am meeschte gefrot. Och eis Nopeschlänner Frankräich a Belsch si beléift Destinatiounen. A Griicheland kann awer per Zoufallsprinzip, bei Leit, déi areese wëllen, ee Covid-Test duerchgefouert ginn, wou ee sech muss selwer isoléieren, bis d’Resultat vum Test virläit. De Fokus vun de Reesbüroe läit virun allem drop, d'Leit reegelméisseg z'informéieren.
D'Veronsécherung bei de Clientë wier ze spieren, heescht et. Vill Clientë buchen hir Vakanz méi spéit. E grousse Problem bleiwen déi héich Corona-Infektiounszuelen zu Lëtzebuerg, wouduerch een net méi ouni Restriktiounen iwwerall als Tourist hireese kann. An deem Kontext géif sech d'Situatioun all Woch änneren.
D’Reesbranche gouf schwéier vun der Kris getraff. Wärend dem Lockdown goufe vill Reesen, déi gebucht goufen, stornéiert oder verluecht. Donieft hunn d'Reesbüroe probéiert, hir Clientë séier ze rapatriéieren. Een Deel vun de Leit buchen hir Vakanz am Reesbüro. Aktuell gi manner Reese gebucht ewéi déi Jore virdrun. Mir wollte vun de Leit wëssen, wat si fir hir Summervakanz geplangt hunn.
Eng beléifte Reesdestinatioun baussent Europa ass Tunesien. D'Tierkei an Ägypten gëllen awer weiderhin als Risikogebidder.
